Ingrid van Houten-Groeneveld
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Ingrid van Houten-Groeneveld (gebuere Groeneveld) ass eng hollännesch Astronomin, déi op der Universitéit Leiden schafft.
Zesumme mat hirem Mann Cornelis Johannes van Houten an dem Astronom Tom Gehrels war si am Beräich vum Palomar-Leiden-Survey un der Entdeckung vun engem Total vu 3133 Asteroide bedeelegt.
Dobäi huet de Gehrels ëmfaangräich Himmelsfotoën mat der 48’’-Schmidt-Kamera vum Mount-Palomar-Observatoire an den USA gemaach. D’fotografesch Plakke goufen no Holland verschëfft an op der Universitéit vu Leiden fir d’Bestëmmung vun den Asteroiden ënnersicht.
Nom Ingrid van Houten-Groeneveld ass den Asteroid (1674) Groeneveld benannt.