Tom Gehrels
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Tom Gehrels gebuer den 21. Februar 1925 zu Haarlem an Holland, ass en hollänneschen Astronom, deen an den USA schafft.
Hie war um Spacewatch-Programm zum Opfannen vun äerdnoen Asteroiden (NEO= Near Earth Object) bedeelegt.
De Gehrels huet verschidde Koméiten entdeckt, dorënner de 64P/Swift-Gehrels, den 78P/Gehrels, den 82P/Gehrels, an den 90P/Gehrels.
Hien ass ausserdeem un der Entdeckung vun iwwer 3000 Asteroide bedeelegt, dorënner d’Apolloasteroiden (1864) Daedalus an (5011) Ptah, den Amorasteroid (4587) Rees, souwéi vill Asteroiden aus der Grupp vun den Trojaner.
De gréissten Deel vu senge spéideren Entdeckunge mëcht hien zesumme mat der Astronomekoppel Cornelis Johannes van Houten an Ingrid van Houten-Groeneveld am Kader vum Palomar-Leiden-Survey. Dobäi mécht de Gehrels ëmfangräich Himmelsfotoë mat der 48’’-Schmidtkamera vum Mount-Palomar-Observatoire. Déi fotografesch Placke ginn no Holland verschëfft an an der Universitéit vu Leiden fir d'Bestëmmung vun Asteroiden ausgewäert.
Wärend dem Zweete Weltkrich war de Gehrels Member vun der hollänescher Resistenz. Nom Krich huet hie mat den Iwwerliewenden, déi zur Mataarbecht um Bau vun den däitsche Rakéite V1 a V2 ënner dem Wernher von Braun gezwonge waren, geschwat. De Gehrels ass der Opfaassung, datt dem von Braun méi eng grouss Responsabilitéit zoukënnt (un den onmënschleche Behandlunge vun Zwangsaarbechter), wéi dat aus senger offizieller „gebotzter“ Biografie ervirgeet. [1]
[Änneren] Publikatiounen
- On the Glassy Sea: An Astronomer's Journey, Tom Gehrels, ISBN 0-88318-598-9