Irmina vun Oeren
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Irmina vun Oeren, och Irmina vun Tréier († 704/710) war d'Fra vum Hugobert, dee waarscheinlech den Titel vun engem Seneschall a Palzgrof gedroen huet. Hir Eltere sinn net bekannt; zënter dem 11. Joerhonnert gëtt et awer eng Legend, datt si d'Duechter vum Merowingerkinnek Dagobert II. gewiescht wier. Et gëllt just als sécher, datt se zu enger vun de mächtege Famille vun Austrien gehéiert huet, déi enk mat de Karolinger verbonne war, an datt si eng vun de Virfare vum Karel de Groussen ass.
Si war d'Mamm vum
- Plektrudis, 691/717 beluecht, der éischter Fra vum Pippin de Mëttleren a Grënnerin vum Klouschter St. Maria im Kapitol zu Köln
- Adela vu Pfalzel (* géint 660, † géint 735) Grënnerin vum Fraeklouschter Pfalzel
- Reginlind (oder Regentrude/Rogentrude), déi nom Doud vun hirem éischte Mann den Herzog Theodbert vu Bayern bestuet huet
- Chrodelind (oder Rolind)
- Bertrada déi Eeler (* géint 670, † no 721), d'Grënnerin vun der Abtei Prüm a Mamm vum Grof Heribert vu Laon, deen de Papp vun der Bertrada der Jéngerer gouf, déi fir hiren Deel d'Mamm vum Karl dem Groussen war.
D'Irmina vun Oeren war – nom Hugobert sengem Doud - d'Matbegrënnerin vum Klouschter Iechternach, 697/698 huet si, zesumme mam Basin, dem Bëschof vun Tréier, an deem sengem Neveu Liutwin eng Schenkung gemaach, déi se dem Willibrord uvertraut huet. De Willibrord huet do säi Missiounsstützpunkt Iechternach gegrënnt vun deem aus d'Äifel, d'Vogesen an Deeler vun der ëstlecher Belsch an Holland christianiséiert goufen.
Si war déi zweet Äbtissin vum Klouschter St. Maria zu Oeren bei Tréier, dat 650 gegrënnt gi war, a spéider a St. Irmina ëmbenannt gouf. Dacks gëtt gesot, si wier och d'Grënnerin vun deem Klouschter.
D'Irmina ass tëschent 704 a 710, waarscheinlech Enn 705 oder ufanks 706, gestuerwen. Op der anerer Säit soll se de 24. Dezember 708 zu Wissembourg am Elsass begruewe gi sinn, wou nach am 15. Joerhonnert de Corpus integrum sce. Yrmene virginis, filie Dagoberti regis zu de Reliquie gezielt gouf.