Jean-Michel Treinen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean-Michel Treinen ass e lëtzebuergesche Literat.
[Änneren] Säi Liewen
Den 3. August 1954 zu Rëmeleng gebuer, Lycée zu Esch-Uelzecht, Studium von der Germanistik a Geschicht zu Wien a Bonn.
1977 Staatsbeamten um Landwirtschaftsministär, Expert fir Kärenhandel a Kulturen.
Lieft mat Fra an zwee Kanner zu Lëntgen an ass Dag an Nuecht um treinemi@pt.lu z'erreechen.
[Änneren] Säi Wierk
- De Jhoss an de Fred op der Mauer, Theaterstéck, 1985, ausgezeechent am Nationale Literatourconcours, Première am Januar 1987 zu Esch-Uelzecht, Kulturfabrik, Programm « Nacht 3 «
- Kulturflapp, Sketch, 1991; Christiane-Schlechter-Präis vun der Lëtzebuerger Kabaretsentente (LKE)
- Dialogen a Mataarbecht um Filmszenario Troublemaker vom Andy Bausch, 1988; idem A Wopbopaloobop A Lopbamboom, 1989
- Wou d'Wäiss Mais Schlittschung fueren, Gedichter, Esch-Sauer 1989, 2. Oplo 1992, Op der Lay 103,
- Angscht virum Groussen Tunn, Geschichten, Esch/Sauer 1991, Op der Lay 109.
- Mäcbess / Macbeth, Theater, Esch/Sauer, Iwwersetzung 1996, Op der Lay 117.
- Dem Alto seng grouss Rees, Libretto fir e Musekstéck fir Kanner, . Komponist: Marco Pütz, 1995
Literaresch lwwersetzungen:
- Eist Land, Gedichter vum René Welter, 1988, Editions Guy Binsfeld
Texter vom Carlo Hemmer, 1989, Editions Guy Binsfeld
Kuerzgeschichten an Anthologien:
- Schriftbilder, Editions Guy Binsfeld, Luxemburg 1984
- Lëtzebuerger Almanach 1986, 1987, 1988, 1989, Editions Guy Binsfeld
- Walfer Anthologie 2004, 2005, . Editions Guy Binsfeld
- Lustich, Luxemburg 1987, LSV Autorenverlag
- Cahiers luxembourgeois, Luxemburg 1991
Aschlofen ënnert engem roude Stärenhimmel as méi geféierlech - Hommage un de Roger Manderscheid, Esch/Sauer 1994, Op der Lay 802 Regards d'écrivains, Editions le Phare, 1995 Gedichter, Sketcher, Satiren fir d' Scène libre an d' Lëtzebuerger Kabaretsentente 1985-1995
- Satiresch Artikele fir d’Lëtzebuerger Land an
- Artikele fir Den Neie Feierkrop
- Satiresch Emissiounen fir d’Déckkäpp
De Jérôme Lulling huet 1996 a senger Magisteraarbecht Lëtzebuergesch heute: Bestandsaufnahme und Veranschaulichung d'Wierker vum Jean-Michel Treinen analyséiert. Dës Aarbecht gouf an der Nationalbibliothéik vu Lëtzebuerg deposéiert.
[Änneren] Kompositiounen
- LP Tears of Sound, "Quasiraga" Solist : Charlie Mariano
- Freedefeiersmusék 1998
- Freedefeiersmusék 2001 fir d’"Entrée Joyeuse" vum Groussherzog an der Groussherzogin
[Änneren] De Koran-Projet
De Wee bei d’Buch, Versuch vun enger Iwwersetzung vum Noble Koran, Dépôt an 3 Exemplairen Maison Servais Abrëll 2005
-
- Dës nach net offiziell unerkannten Iwwersetzung ass vun Oktober bis Dezember 2005 am Centre National de la Littérature ausgestallt, a gëtt nach e puer Joer vu Lëtzebuerger Muslim- a Koran-Spezialisten iwwerpréift. Historesch gesinn ass dësen Dépôt de Bewäis, dass deen éischte kompletten Hellegen Text, deen an d’Lëtzebuergescht iwwersat gouf, dee vum Islam ass.