Jean-Pierre Büchler
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel zu engem Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jean-Pierre Büchler, gebuer de 6. Juli 1908 zu Haler, gestuerwen de 7. September 1993 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker.
De Jean-Pierre Büchler war en Agronom. Als Member vun der CSV war hie vun 1964-1969 Staatssekretär am Landwirtschafts- a Wäibauministère an der Regierung Werner-Cravatte, vun 1969 bis 1972 Minister fir Landwirtschaft, Wäibau, an Ëffentlech Aarbechten a vun 1972 bis 1974 Minister fir Ëffentlech Aarbechten, Famill, soziale Wunnengsbau a Sozial Solidaritéit an der Regierung Werner-Schaus II.
Vun 1974 bis 1978 war hien Deputéierten an der Chamber.