Regierung Werner-Schaus II
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Regierung Werner-Schaus II ass aus de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 ervirgaangen. Et war eng Koalitiounsregierung aus CSV an DP, déi de 6. Februar 1969 vereedegt gouf an ufanks aus 7 Ministere bestanen huet.
De 5. Juli 1971 sinn zwéi Staatssekretäre bäikomm: de Camille Ney an den Emile Krieps.
Den 10. September 1972, nodeems d' Madeleine Frieden-Kinnen am Cader vun der sou genannter Buergfrid-Affär zeréckgetruede war, ass de Jacques Santer als neie Staatssekretär bäikomm. De Camille Ney gouf Minister.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Zesummesetzung
[Änneren] Vum 6. Februar 1969 bis de 5. Juli 1971
- Pierre Werner (CSV): Staatsminister, President vun der Regierung; Finanzminister
- Eugène Schaus (DP): Vizepresident vun der Regierung; Justizminister; Inneminister; Arméiminister
- Jean-Pierre Büchler (CSV): Minister fir Landwirtschaft a Wäibau; Bauteminister
- Jean Dupong (CSV): Erzéiungsminister; Minister fir Aarbecht a Sozialversécherung
- Madeleine Frieden-Kinnen (CSV): Ministesch fir Famill, Jugend, Sozial Solidaritéit a Gesondheet; Ministesch fir Kultur a Kultus.
- Gaston Thorn (DP): Minister fir Aussebezéiungen an Aussenhandel; Minister vun der Fonction publique; Sportsminister.
- Marcel Mart (DP): Minister fir Wirtschaft, Mëttelstand an Tourismus; Minister fir Transport an Energie.
[Änneren] Vum 5. Juli 1971 bis den 10. September 1972

- Camille Ney (CSV): Staatssekretär am Ministère fir Landwirtschaft a Wäibau; Staatssekretär am Bildungsministère.
- Emile Krieps (DP): Staatssekretär am Inneministère.
[Änneren] Vum 10. September 1972 bis de 15. Juni 1974
- Pierre Werner (CSV): Staatsminister, President vun der Regierung; Finanzminister; Kulturminister
- Eugène Schaus (DP): Vizepresident vun der Regierung; Justizminister; Inneminister; Arméiminister
- Jean-Pierre Büchler (CSV): Bauteminister; Minister fir Famill, Soziale Wunnéngsbau a Sozial Solidaritéit; Minister fir Wäibau
- Jean Dupong (CSV): Erzéiungsminister; Minister fir Aarbecht a Sozialversécherung
- Gaston Thorn (DP): Minister fir Aussebezéiungen an Aussenhandel; Minister vun der Fonction publique; Sportsminister.
- Marcel Mart (DP): Minister fir Wirtschaft, Mëttelstand an Tourismus; Minister fir Transport an Energie.
- Camille Ney (CSV): Landwirtschaftsminister; Gesondheetsminister.
- Emile Krieps (DP): Staatssekretär am Inneministère.
- Jacques Santer (CSV): Staatssekretär am Staatsminstère (Kultur); Staatssekretär am Minstère fir Aarbecht a Sozialversécherung.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
de la Fontaine | Willmar | Simons | de Tornaco | Servais | de Blochausen | Thilges | Eyschen | Mongenast | Loutsch | Thorn | Kauffman | Reuter | Prüm | Bech | Dupong-Krier | Exilregierung | vun der Befreiung | National Unioun | Dupong-Schaus | Dupong-Schaus-Bodson | Bech-Bodson | Frieden | Werner-Schaus I | Werner-Cravatte | Werner-Schaus II | Thorn-Vouel-Berg | Werner-Thorn-Flesch | Santer-Poos I | Santer-Poos II | Santer-Poos III | Juncker-Poos | Juncker-Polfer | Juncker-Asselborn
[Änneren] Um Spaweck
Op gouvernement.lu: