Jean Dupong
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel zu engem Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jean Dupong, gebuer den 18. Mee 1922 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker. Hien ass de Fils vum Pierre Dupong.
De Jean Dupong ass en Affekot. Als Member vun der CSV war hie vun 1954 bis 1958, 1959 bis 1967 an 1974 bis 1979 Deputéierten an der Chamber.
1967-1969 war hie Minister fir Justiz, Bildung, Famill, Jugend, Bevëlkerung a Sozial Solidaritéit an der Regierung Werner-Cravatte a vun 1969 bis 1974 Minister fir Bildung, Aarbecht a Sozial Sécherheet (tëscht 1972 an 1974 zousätzlech och nach fir Wäibau) an der Regierung Werner-Schaus II.
Vun 1979 bis 1991 war hie Member vun Staatsrot, bis 1994 zousätzlech säi President.