Jean Feltes
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Feltes (12. November 1885 zu Gëtzen - 11. November 1951 um Lampertsbierg) war e Lëtzebuerger Sproocheprof a Linguist.
Nom Kolléisch huet hien zu Paräis an zu München Griichesch studéiert, an dono an England Englesch. Hien huet 1918 eng gréisser Aarbecht iwwer Dichtung, déi sech mat Déieren ofginn huet, publizéiert. Och mat Phonetik huet hie sech vill befaasst.
Nom Zweete Weltkrich gouf e vun der Educatiouns-Ministère chargéiert, eng Orthographie fir d'Lëtzebuergesch auszeschaffen. D' Offiziell Lëtzebuerger Orthographie kunnt sech awer net duerchsetzen, well hiert Schrëftbild zevill vun deem vum Däitschen, dat d'Leit gewinnt waren, ofgewach ass.