Jean Hengen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Hengen gebuer den 23. November 1912 zu Diddeleng, a gestuerwen den 29. Januar 2005 war Bëschof an éischten Äerzbëschof vun der kathoulescher Kierch vu Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
[Änneren] Seng Jugend
De Jean Hengen gouf den 23. November 1912 zu Diddeleng als siwent vun aacht Kanner gebuer, wou hien dunn d'Primärschoul um „Strutzbierg“ an um „Deich“ besicht huet.
Nom Ofschloss vum Sekundärstudium am Kolléisch an der Stad huet de Jean Hengen sech 1939 an de Fächer Philosophie an Theologie, op der Peepstlecher Universitéit Gregoriana zu Roum ageschriwen. Dono huet hien nach Kiercherecht studéiert.
[Änneren] De Paschtouer
Nach während dem Krich, de 27. Oktober gouf hien zu Roum an der Chiesa del Gesù zum Geeschtleche geweit. Seng Primiz huet hien zu Letzebuerg bei de Franziskanerinne gefeiert. Eréischt nom Kriich 1945 huet hien déi éischt Mass zu Diddeleng a senger Heemechtspar gehalen.
No sengem Doktorat an Theologie gouf hie vum Bëschof Joseph Philippe zum Vikar vun der Kathedral an duerno Generalvikar ernannt.
Vun 1955 bis 1971 war hie President vum Opsiichtsrot vun der Imprimerie Saint Paul.
[Änneren] De Bëschof
De Poopst Paul VI. huet de Jean Hengen 1967 zum Bëschoofs-Koadjutor, mam Recht op Nofolleg, ernannt.
De 4. Juni 1967, nom Ofdanke vum Léon Lommel, gouf hien de sechste Bëschof vu Lëtzebuerg.. Säi Wahlsproch war „Tibi servire“ (Dir déngen) (säi Wopen ass haut nach iwwert dem rietse Säiteportal an der Parkierch vu senger Heemecht Diddeleng ze gesinn).
Den 13. Mee 1972 huet hien déi IV. Lëtzebuerger Diozesansynod ageruff. Et war eng Synod vun der Erneierung.
Wéi um Karfreideg 1985 den ale Klackentuerm vun der Kathedral gebrannt huet, huet hie selwer d'Mariestatu – dat grousst Lëtzebuerger Symbol gerett. Hien huet duerno selwer Planung vum neien Opbau an d'Hand geholl.
De Poopst Jean Paul II. huet him am selwechte Joer de 16. Mee bei sengem Lëtzebuerg-Besuch perséinlech zum eischten Ärzbëschof vu Lëtzebuerg ernannt.
1988 ass Lëtzebuerg zu enger Äerzdiozees erhuewe gin.
De Jean Hengen war och President vun der däitscher Kommissioun, déi fir d'Erausgi vun de liturgesche Bicher verantwortlech ass.
[Änneren] Seng Pensioun
Mat der Wei vum Fernand Franck den 2. Februar 1991 zu sengem Nofolger ass dem Jean Hengen säin Episkopat op en Enn gaangen.
A senger Amtszäit war et him ëmmer wichteg, seng Heemechtsstad Diddeleng net vis-à-vis vun denen anere lëtzebuerger Stied ze favoriséieren.
Sou huet hien dem Abbé Robert Sibenaler seng Invitatioun an d'Oktavsmass vun den Diddelenger Pilgere während senger Amtszäit refuséiert, no senger Pensiounéierung huet hien ëmmer gären un dëser Traditioun zësumme mat der Diddelenger Gemeinschaft deelgeholl.
No sengem Doud ginn all Joer no der Oktavsmass fir déi Diddelenger, Blummen an der Krypta niddergeluecht.
Den 29. Oktober 2000 huet de Jean Hengen säin diamantene Jubuläum als Geeschtleche gefeiert, Diddeleng huet „säi“ Bëschof den 23. November 2002 zu sengem 90. Gebuertsdaag geéiert, dat war gläichzeiteg déi lescht Mass, déi hien als Bëschof gehalen huet. Säi leschten ëffentlechen Optrëtt war awer den 10. Mee 2004 an der Oktavsmass zusumme mat den Diddelenger Pilger. An dëser Mass, war hien net méi als Bëschof a vollem Ornat mat Mitra a Staf, mais hien hat eng einfach violett Bëschofssoutane mat enger Rochett driwwer un.
Den 29. Februar 2005 ass den Aläerzbëschof vu Lëtzebuerg, de Msg. Jean Hengen um 12:00 am Spidol um Kierchbierg gestuerwen.
Seng stierflech Iwwerreschter goufen den 3. Februar 2005 an der Krypta vun der Kathedral vu Lëtzebuerg bäigesat.
[Änneren] Auszeechnungen an Titelen
[Änneren] Akademesch Titelen
Dokter an der Theologie
[Änneren] Kierchlech Éierenauszeechnungen an Titelen
- Bëschof vu Lëtzebuerg, Abrëll 1967
- Äerzbëschof vu Lëtzebuerg ( 16. Mai 1985 perséinlech Ernennung vum Poopst Jean Paul II. )
- Chanoine honoraire vun der Kathedral vu Lëtzebuerg 3. Juni 1955 (chanoine titulaire 14. August 1956)
- Peepstleche Kummerhär 15.September 1956
- Peepstleche Prälat 22. Januar 1960
- Chanoine d'honneur vun der Kathedral vu Stroossbuerg 1975
[Änneren] Akademesch Éierenauszeechnungen
- Dr. Theol. h.c. Theologische Fakultät Trier 2. Dezember 1982
[Änneren] National Auszeechnungen
- Grand Officier de l'Ordre de la Couronne de Chêne 23. Juni 1981
[Änneren] Um Spaweck
- Iwwer den Titularbëschofssëtz Calama (op Englesch)
- Todesnachicht auf www.cathol.lu Noriicht vum Jean Hengen sengem Doud um Site vun der RKK – Letzebuerg
- Predigt auf www.cathol.lu - Predigt vum Msg. Fernand Franck fir dem J. Hengen säi Requiem.
- Donnéen (op englesch)
Virgänger | ![]() |
Nofolger |
---|---|---|
Léon Lommel | Lëscht vun de Bëscheef | Fernand Franck |