Kierchbierg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Kierchbierg ass e Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. E besteet aus engem Plateau am Oste vum Stadkär, dee mam Rescht vun der Stad duerch déi Rout Bréck verbonnen ass.
[Änneren] Geschicht
Mam Gemengerecht vun 1796 gouf de Kirchbierg en Deel vun der Gemeng Eech.
Den 1. Juli 1920 (Gesetz vum 30. Juni 1920) huet d'Gemeng Eech, zu där och de Kierchbieg gehéiert huet, mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert.
De Plateau vum Kierchbierg huet eréischt an den 1960er Joren ugefaangen sech richteg ze entwéckelen. Bis dohinner waren hei just Wisen a Stécker. No engem Gesetz vun 1961, duerch dat de Fonds d'urbanisation et d'aménagement du Kirchberg gegrënnt gouf, huet de Lëtzebuerger Staat 350 ha um Plateau requisitionnéiert; d'Baueren an d'Gäertner kruten 330 000 Lëtzebuerger Frang pro Hektar. Zil war et, d'Gebaier vun den europäeschen Institutioune vu Lëtzebuerg do ze opzeriichten. Sou sinn no an no d'Gebaier vum Europäesche Geriichtshaff, der Cour des comptes, dem Generalsekretariat vum Europaparlament, der Europäescher Investitiounsbank, der Europaschoul, asw. gebaut ginn.
Et gouf alt kritiséiert, de Staat hätt zevill expropriéiert, an och däitlech ënner dem Wäert; de Méiwäert, deen de Fonds beim Weiderverkaf vun den Terrainë gemaach huet, gouf ë.a. fir de Bau vun der Rouder Bréck gebraucht.
Enn vun den 1980er Joren huet de Kierchbierg sech och fir aner Aktivitéiten opgemaach an et ass do neie Wunnraum, eng nei Geschäftswelt (Assurancen, Banken, de Sëtz vun der RTL Group) an nei Fräizäitariichtungen (d'Olympesch Piscine an der Coque, de Kino Utopolis, d'Philharmonie, de Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean, asw.) entstanen. Gläichzäiteg gouf d'Autobunn A1 zu engem Stadboulevard zeréckgebaut.
Um Kierchbierg hunn 2005 20.500 Leit geschafft, mee knaps 2.000 hunn der do gewunnt. An deene nächste Joere solle verstäerkt Wunnénge gebaut ginn, fir dass am Joer 2020 eng 11.000 Leit do wunne kinnten, bei ronn 30.000 Aarbechtsplazen.
[Änneren] Literatur
- Ina Hellweg-Nottrot: Kirchberg, 1961 - 2001.
[Änneren] Um Spaweck
Beggen | Belair | Bouneweg-Nord/Verluerekascht | Bouneweg-Süd | Clausen | Dummeldeng | Eech | Gare | Gaasperech | Gronn | Hamm | Hollerech | Kierchbierg | Lampertsbierg | Märel | Millebaach | Neiduerf/Weimeschhaff | Pafendall | Polfermillen | Rollengergronn/Belair-Nord | Uewerstad | Weimeschkierch | Zéisseng | Zens