John Russell Hind
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De John Russell Hind (an der Literatur och John R. Hind) gebuer den 12. Mee 1823 zu Nottingham a gestuerwen den 23. Dezember 1895 zu Twickenham) war en briteschen Astronom.
Den Hind gouf 1840 am Observatoire vu Greenwich als Assistent an der magneteschen Ofdeelung agestallt. Hei huet hien ënnert dem George Biddell Airy geschafft.
Am Joer 1844 huet hie sech un enger Expeditioun fir d’Bestëmmung vun der geographeschen Längt zu Valencia bedeelegt.
Duerno schafft hien als Observateur am Privatobservatoire vum George Bishop am Regents Park. Hei entdeckt hien tëschent 1847 an 1854 zéng Asteroiden souwéi e puer Koméiten. D’Nummgiewung vu sengem Asteroid (Victoria) gouf kontrovers diskutéiert – bis dohin war et net normal, Asteroiden no nach liewenden Leit ze benennen. Den Hind huet dorop higewisen, datt hien den Himmelskierper net no der deemoolegen engleschen Kinigin Victoria, mä no der réimesch Siegesgëttin genannt hat.
Den Hind berechent d’Bunnen vu 70 Himmelskierper (Planéiten, Asteroiden a Koméiten). Doriwwer eraus beschäftegt hie sech och mat der Observatioun vu Verännerleche Stäre, woubäi hien den déifroude, variabelen Stär R Leporis am Stärebild Lepus (Hues) souwéi d’Verännerlechkeet vum Stär μ Cephei am Stärebild Cepheus entdeckt. Weider entdeckt hie beim T Tauri am Stärebild Taurus (Stéier) e Gasniwwel, deem seng Hellegkeet verännerlech ass (Hinds verännerleche Niwwel - de Niwwel reflektéiert d’Liicht vun engem verännerleche Stär). Déi vun him entdeckten Nova Ophiuchi 1848 (V841 Ophiuchi) am Stärebild Ophiuchus (Schlangerdréier), war déi éischt Nova vun der Neizäit (zënter der Supernova vum Joer 1604.
Am bekanntesten gouf den Hind allerdéngs als Editeur déi fir déi deemooleg Zäit fir d’Schëfffaart wichteg Nautical Almanac, wou hie "Superintendent" tëschent 1853 an 1891 war.
Fir seng Leeschtungen krut den Hind 1853 d’Goldmedaille vun der Royal Astronomical Society. Op der Paräisser Gedenkmënz vum Joer 1868, déi ulässlech der honnertsten Asteroidenentdeckung geprägt gouf, ass den Hind niewen dräi weideren Méifachentdecker ofgebilt: Hermann Mayer Salomon Goldschmidt, Karl Theodor Robert Luther an J. C. Watson.
Zu sengen Éieren gouf een Krater op dem Mound souwéi den Asteroid (1897) Hind no him genannt.
(7) Iris | 13. August 1847 |
(8) Flora | 18. Oktober 1847 |
(12) Victoria | 13. September 1850 |
(14) Irene | 19. Mee 1851 |
(18) Melpomene | 24. Juni 1852 |
(19) Fortuna | 22. August 1852 |
(22) Kalliope | 16. November 1852 |
(23) Thalia | 15. Dezember 1852 |
(27) Euterpe | 8. November 1853 |
(30) Urania | 22. Juli 1854 |
Kuckt och: Lëscht vun den Asteroiden John Russell
[Änneren] Wierker
- Astronomical vocabulary. London 1852
- Introduction to astronomy. London 1863
- On the expected return of the great comet of 1264 and 1556. London 1848
- The solar system. London 1846
- Descriptive treatise of comets. London 1859
[Änneren] Um Spaweck
- (en) [1]