John Stefanos Paraskevopoulos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De John Stefanos Paraskevopoulos gebuer den 20. Juni 1889 a gestuerwen den 15. Mäerz 1951, war e griichesch-südafrikaneschen Astronom.
De Paraskevopoulos gouf zu Piräus gebuer an huet op der Universitéit vun Athen studéiert. Während dem Balkankrich an dem Éischte Weltkrich huet hien der griicheschen Arméi gedingt.
Am Joer 1919 ass hien an d'USA gaangen fir am Yerkes-Observatoire ze schaffen. Zwee Joer méi spéit kënnt hien nees zereck op Athen a gëtt am Alter vun nëmmen 32 Joer Leeder vum Athener Observatoire.
Wéinst knappen Finanzmëttelen huet hien seng Fuerschungsaarbechten am Athener Obsercatoire opginn an ass am Optrag vum Harvard-College-Observatoire no Arequipa an de Peru gaangen, fir un der Boyden-Statioun ze schaffen. De Paraskevopoulos huet verlaangt, wéinst besseren Wierderbedéngungen den Observatoire vun Arequipa no Südafrika ze verleeën. Als Direkter vum Boyden-Observatoire huet hie gefuerscht vun 1927 bis zu sengem Doud am Joer 1951 an Südafrika. Paraskevopoulos war och Entdecker vun e puer Koméiten.
De Paraskevopoulos-Krater op dem Mound gouf no him benannt.