John Tebbutt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Sir John Tebbutt gebuer de 25. Mee 1834 zu Windsor, New South Wales a gestuerwen de 29. November 1916 (och do), war en australeschen Astronom.
Hien huet den 13. Mee 1861 de Grousse Koméit entdeckt, dee spéider d’Bezeechnung C/1861 J1 krut.
No him ass e Moundkrater genannt an och um australeschen 100-Dollar-Geldschäin ass säi Bild drop.