Johny Grün
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dës Säit ass iwwer de lëtzebuergesche Gewiichthiewer Johny Grün. Fir säi Papp, de lëtzebuergesche Kraaftmënsch Jean ("John") Grün, kuckt: John Grün
De Johny Grün, gebuer den 19. Juni 1897, war e lëtzebuergesche Gewiichthiewer. Hie war de Jong vum John Grün, deen als Kraaftmënsch opgetruden ass.
De Johny Grün huet zweemol bei den Olympesche Spiller am Gewiichthiewen an der Kategorie Liichtgewiicht (ënner 67,5kg) matgemaach.
1920, bei den Olympesche Spiller zu Antwerpen koum hien op déi 8. Plaz ënner 12 Konkurrenten. D'Épreuve huet sech aus dräi verschidden Exercice zesummegesat. Am Total koum hien op 210,0 kg.
Seng bescht Versich an den eenzelnen Exercice waren:
- - Räisse mat engem Aarm (arraché d'un bras): 52,5 kg
- - Stousse mat dem aneren Aarm (épaulé et jeté du bras opposé): 67,5 kg
- - Stousse mat zwéin Äerm (épaulé et jeté à deux bras): 90,0 kg
1924, bei den Olympesche Spiller zu Paräis gouf hien den 18. vun 22. Offiziell klasséiert goufen awer nëmmen déi 6 éischt. An der Épreuve, déi aus fënnef verschidden Exercice bestanen huet, koum hien op en Total vun 350,0 kg.
Seng bescht Versich an den eenzelnen Exercice waren:
- - Räisse mat engem Aarm (arraché d'un bras): 52,5 kg
- - Stousse mat dem aneren Aarm (épaulé et jeté du bras opposé): 67,5 kg
- - Drécke mat zwéin Äerm (développé à deux bras): 67,5 kg
- - Räisse mat zwéin Äerm (arraché à deux bras): 70,0 kg
- - Stousse mat zwéin Äerm (épaulé et jeté à deux bras): 92,5 kg