Olympesch Summerspiller 1924
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
---|---|
Natiounen | 44 |
Athleten | 3092 (2956 Männer, 136 Fraen) |
Competitiounen | 126 a 17 Sportarten |
Erëffnung | 4. Mee 1924 |
Schlussfeier | 27. Juli 1924 |
opgemeet vun: | Gaston Doumergue Staatspresident |
Olympeschen Eed | Georges André |
D'Olympesch Summerspilller vu 1924 oder och Spiller vun der VIII. Olympiad waren zu Paräis.
Paräis huet domat fir déi zweete Kéier d'Olympesch Spiller vun der Neizäit organiséiert.
[Änneren] Organisatioun
- D'olympesch Deviis : Citius, Altius, Fortius, (méi séier, méi héich, méi staark) gouf 1924 zu Paräis agefouert grad sou d'Gewunnecht fir déi dräi Fändele bei der Schlusszeremonie eropzezéien an zwar de vum CIO, de vum Land wou Spiller sinn an de vum Land wou d'Spiller déi nächste Kéier sinn.
- Stied déi Kanditat ware fir 1924: Amsterdam, Barcelona, Los Angeles, Prag a Roum.
- Däitschland wat vun den Olympesche Spiller 1924 vun CIO ausgeschloss ginn.
- Et goufe gebaut:
- De Stade de Colombes, 60.000 Plazen dovun 20.000 Sëtzplazen.
- D'Piscine des Tourelles, den éischte 50 m Baseng wou d'Linnen duerch Seeler mat Korkestëpp ofgedeelt waren.
- Een olympescht Duerf zu Colombes, dat éischt iwwerhaapt.