Joseph Barbera
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Joseph Barbera, gebuer de 24. Mäerz 1911 zu New York, a gestuerwen den 18. Dezember 2006 zu Los Angeles war en US-amerikaneschen Zeechentrickfilmer a Produzent.
De Barbera huet an den 1920er Joere fir d'éischt niewelaangscht Cartooner u verschidden Zäitschrëfte vekaf. Dono huet en als Gag-Auteur vun engem Zeechentrick-Studio geschfft. 1931 huet en ugefaang, als Animateur ze schaffen.
1937 goung e bei d'MGM. Hei huet hien de William Hanna kennegeléiert. Zesummen hunn si d'Aventurë vum Tom and Jerry erfonnt an och déi vun de Flintstones (dt: Famile Feuerstein; fr: Les Pierrafeu), the Jetsons, de Scoobi-Doo an dem Yogi Bear. 1955 huet e mam Barbera d'Hanna-Barbera-Studioe gegrënnt.
De Joseph Barbera ass de 18. Dezember 2006 am Alter vu 95 Jahren zu Los Angeles gestuerwen, fënnef Joer no sengem Kolleg William Hanna.
[Änneren] Bibliographesches
- Ted Sennett: The Art of Hanna-Barbera. Fifty Years of Creativity, Viking Studio Books, 1989
[Änneren] Kuriéises
Zu Jette, an der Regioun Bréissel, gëtt et eng Strooss "Clos Tom et Jerry".
[Änneren] Um Spaweck
- Hanna-Barbera Website (Deel vu der Warner Bros. Website)