Josy Meyers
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Josy Meyers Friob, gebuer den 12. März 1902 zu Ëlwen, gestuerwen den 20. September 1970 zu Stroossen, war e lëtzebuergesche Zeecheprof a Moler. Hien ass bekannt duerch seng Landschaften, Nuën, Portraiten a Blummen, déi hie gemolt huet.
No der Handwierkerschoul huet de Josy Meyers op der École de Peinture "Van der Kelen" zu Bréissel studéiert. Vun 1922 bis 1923 war hien zu München a vun 1923 - 1926 huet hien op der École Nationale des Beaux-Arts zu Paräis studéiert.
1927 huet hien den Exame fir Zeecheprof gemaach a wor vu 1927 - 28 Stagiaire als Zeecheprof op der Industrieschoul a vun 1928 - 29 Stagiaire op der Handwierkerschoul. vun 1930 bis 1963 - senger Pensioun - wor hien Zeecheprof op der
[Änneren] Ausstellungen an Auszeechnungen
- De Josy Meyers huet un internationalen Ausstellungen zu Bréissel, Paräis a New York partizipéiert
- 1927 huet hien de Prix Grand-Duc Adolphe kritt
- 1931 huet d'Post ee Käppchen rausbruecht matt engem Motiv vum Josy Meyers