Stroossen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
||||
---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Strassen de: Strassen |
|||
Gemeng | Stroossen | |||
Buergermeeschter | Gaston Greiveldinger (LSAP) | |||
Kanton | Lëtzebuerg | |||
Awunner | 6.246 | |||
Koordinaten | 49° 37’ 9’’ N, 6° 4’ 19’’ O | |||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Stroossen ass eng Uertschaft an eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen
[Änneren] Geographie
D'Gemeng Stroossen ass westlech um Bord vun der Stad Lëtzebuerg situéiert. Nieft der Gemeng Lëtzebuerg am Osten, ass d'Gemeng Strossen weider ëmgi vun de Gemenge Bartreng am Süd-Westen, Mamer am Westen, Kielen a Koplescht am Norden.
[Änneren] Geschicht
Den Numm Stroossen staamt aus dem laténgesche Wuert "strata", wat souvill heescht wéi Militärstrooss. Zu der Zäit vun de Réimer ass dës Strooss vun Tréier op Arel duerch Stroossen a Mamer verlaf.
D'Sektioun Stroossen, zesumme mam Deel vun der Sektioun Reckendall dat um "ban de Strassen" louch, goufen den 1. Januar 1850 (duerch d'Gesetz vum 6. August 1849) vun der Gemeng Bartreng ofgetrennt an zu enger eegestänneger Gemeng.
Am Annuaire officiel 1917 fënnt ee fir d'Gemeng Stroossen 1.381 Awunner, 278 bewunnten Haiser an 309 Famillen.
[Änneren] Buergermeeschteren
- 1850 - 1860 : Jean- Pierre Kemp
- 1861 - 1866 : Pierre Witry
- 1867 - 1872 : Mathias Goergen
- 1873 - 1875 : Mathias Saur
- 1876 - 1908 : Jean Feyder
- 1909 - 1917 : François Groff
- 1918 - 1928 : Jean-Pierre Feyder
- 1929 - 1931 : Michel Weyrich
- 1932 - 1939 : Jean-Pierre Feyder
- 1940 - 1940 : Alphonse Balthasar (f.f.)
- 1941 - 1942 : Michel Weyrich
- 1944 - 1945 : Alphonse Balthasar (f.f.)
- 1946 - 1963 : Paul Barblé
- 1964 - 1975 : Jean Wirtz
- 1976 - 1993 : Fernand Derneden
- 1994 - 2007 : Gaby Leytem-Wantz
- 2007 - 2007 : Juliane Gallion
- 2007 - : Gaston Greiveldinger
[Änneren] Kuckeswäertes
[Änneren] Literatur
- Kandel, Edouard: Publikationen der Gemeinde Strassen - In: 150 Joer Gemeng Stroossen : 1850 - 2000. - Strassen : Administration communale, 2001. - P. 453-465
- Loi du 6 août 1849 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Strassen, Mémorial N°78 vum 18. August 1849 S.791-S.792
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Kierch Stroossen
- Gare Bartreng-Stroossen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
[Änneren] Um Spaweck
Bartreng | Hesper | Konter | Lëtzebuerg | Nidderaanwen | Sandweiler | Schëtter | Steesel | Stroossen | Walfer | Weiler-la-Tour