Këndel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Këndel ass e Gebäck, dat zu Lëtzebuerg laangscht d'Musel op Neijooschdag de Kanner vun hirem Pätter oder hirer Giedel geschenkt gëtt.
Et ass aus engem Hiefdeeg an huet d'Form vun engem gewéckelte Puppelchen, deen d'neigebuerent Joer symboliséiere soll. Nogewise gi kann et bis an d'18. Joerhonnert zeréck; et gëtt ugeholl, datt den Numm aus der Period, wou d'Herzogtum Lëtzebuerg zu Éisträich gehéiert huet, gi gouf.
Mee wéi all déi sougenannt "Gebildebrouter" geet de Brauch mat grousser Warscheinlechkeet a virchrëschtlech Zäit zeréck. Dem Edmond de la Fontaine no geet d'Këndel op de Jullagalt zeréck, e Gebäck a Form vun engem Béier (d'männlecht Schwäin).
Dacks gëtt eng Mënz an d'Këndel (dat och alt Chrëschtjong genannt gouf) agebak. Fréier war et esou, datt, wann d'Kand bis 12 Joer hat, amplaz dovunner en Holzspoun dra war (et gouf dann och "de Spoun" genant), fir unzedeiten, datt dëst fir d'Lescht war. "Verspéinen" huet fréier d'Ëntwinne vun der Mammebroscht geheescht.
[Änneren] Literatur
- Edmond de la Fontaine: Luxemburger Sitten und Bräuche, Lëtzebuerg, Editions Emile Borschette, 5. Oplo 1995, S. 17 (Éischtoplo 1883).