Mënz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Mënz, (lat.: moneta), ass e Geldmëttel, dat meeschtens aus Metall geprägt, munchmol och aus Metall gegoss ass. Si huet am allgemengen eng ronn Form. Et ginn och reng Gedenkmënzen, déi net ëmmer als Währungsmëttel zougeloss sinn. Déi éischt Mënzen aus Metall goufe schonn am Joer 2000 v. Christus als Geldmëttel benotzt. Virdrun an der geschichtlecher Virzeit hu laang Steng a Muschelen d'Roll vun engem Bezuelmëttel gespillt.
Déi éischt Mënzen mat Bildprägung (mat enger Schildkröt) goufen am Joer 549 v. Chr. a Lydien, ënnert dem Kinnek Kroisos geprägt.