Karl VI. (HRR)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Karl VI. 1. Oktober 1685 – 20. Oktober 1740 |
||||||
Keeser vum Hellege Réimesche Räich | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
De Karl VI. vun Éisträich (* 1. Oktober 1685, † 20. Oktober 1740) war Keeser vun Hellege Réimesche Räich, Kinnek vun Ungarn (als Karl III.) a Kinnek vu Béimen (als Karl II.).
Hie war de Jong vum Leopold I. aus dem Haus vun den Habsburger an der Eleonore vu Pfalz-Neuburg. Säi Brudder war de Joseph I. Erzu gouf hien vum Anton Florian vu Liechtenstein.
Als Karl III. war hie virgesinn fir de spueneschen Troun, sou hat et opmannst de Carlos II. virgesinn. En anere méiglechen Ierwen war de Philippe, Enkel vum Louis XIV. Dëst konnt nees nëmmen zu Streidereie féieren, a sou huet et och net laang gedauert bis de Spueneschen Ierffollegkrich ausgebrach ass. Nom Doud vu sengem Brudder Joseph gouf hien 1711 zum Keeser vum Hellege Réimesche Räich gewielt.
Ënner senger Herrschaft huet d'Habsburgerräich seng gréissten Ausdeenung erreecht, an op kulturellem Plang war et den Héichpunkt vum Barock fir Éisträich. Sou huet hien ënner anerem d'Spuenesch Haffreidschoul baue gelooss, de Michaelertrakt an der Hofburg an d'heiteg Nationalbibliothéik.
1713 huet de Karl VI. en Dokument verfaasst, wat schwéier Folge sollt hunn, d'Pragmatesch Sanktioun. Doranner huet hien d'weiblech Ierffolleg festgehal, an dass d'Lännereie vun den Habsburger net kënnen opgedeelt ginn. Bei der Duerchsetzung vun dëser Politik, déi net ëmmer erfollegräich war (vill Staten, wéi zum Beispill Frankräich hunn d'Sanktioun net akzeptéiert), gouf hien ënnerstëtzt vum Johann Christof Bartenstein.
[Änneren] Kanner
Zanter 1708 war de Karl VI. mat der Elisabeth Christine vu Braunschweig-Wolfenbüttel, der Duechter vum Ludwig Rudolf bestued. Zesummen haten si 4 Kanner:
- Leopold Johann (* 13. Abrëll 1716; † 4. November 1716), Erzherzog vun Éisträich
- Maria Theresia (* 13. Mee 1717; † 29. November 1780), Erzherzogin vun Éisträich
- Maria Anna (* 26. September 1718; † 16. Dezember 1744), Erzherzogin vun Éisträich
- Maria Amalia (* 5. Abrëll 1724; † 19. Abrëll 1730), Erzherzogin vun Éisträich
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Virgänger: Joseph I. |
Keeser vum HRR 1711 - 1740 |
Nofolger: Karl VII. |
Virgänger: Joseph I. |
Kinnek vun Ungarn 1711 - 1740 |
Nofolger: Maria Theresia |
Virgänger: Joseph I. |
Erzherzog vun Éisträich 1711 - 1740 |
Nofolger: Maria Theresia |
Virgänger: Joseph I. |
Kinnek vu Béimen 1711 - 1740 |
Nofolger: Maria Theresia |