Kiewer Gare (Moskau)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D Kiewer Gare (op russesch: Киевский вокзал) ass eng Kappgare zu Moskau. Si gouf tëschent 1914 a 1917 gebaut und huet bis 1934 Brjansker Gare geheescht.
D’Haaptursaach fir de Bau vun dëser Gare war wëll ëmmer méi Leit mam Zuch gefuer sin. Wëll d’ Standzäiten an de Kappgaren méi laang waren wéi an den aanere Garen, sinn dacks méi wéi 15 Gleiser gebraucht gin, an di aaner Garen zu Moskau waren durfir ze kleng. Eng aaner Ursaach waren d’Pläng vum Zar Neckel II. vu Russland vir d’Zareräich no Süden ze erschléissen. Et ass dunn decidéiert gin eng Kappgare mat Orientéierung Süden ze bauen.
Hautdesdaags fueren do Zich fort a Richtung Budapest, Belgrad, Sofia an Istanbul.
[Änneren] Architektur
D’Pläng vir dëse Bau am neoklassizistischem Stil ware vun den Architekten Iwan Rerberg an Wladimir Schuchow. Iwwer d’Gleiser geet een 30 m héichen Glaasbou an um rietsen Eck vum Gebäi steet een 51 m héichen Klackentuurm.
Kursker Gare | Pawelezer Gare | Rigaer Gare | Wäissrussesch Gare