Istanbul
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu der Tierkei ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Istanbul | |
---|---|
Basisdaten | |
Provënz: | Istanbul |
Geografesch Lag: | Template:Koordinate Text Artikel |
Héicht: | 40 m |
Fläch: | 1.538,77 km² |
Awunner: | 9.797.536 (2005) |
Bevëlkerungsdicht: | 6.367 Einwohner/km² |
Telefonvirwalen: | 0212 (europäeschen Deel) 0216 (asiateschen Deel) |
Autos-Kennzeechen: | 34 |
Stadglidderung: | 27 Bezirker |
Offiziell Websäit: | www.ibb.gov.tr |
E-Mail-Adress: | webmaster@ibb.gov.tr |
Politik | |
Buergermeeschter | Mimar Kadir Topbaş |
Istanbul (tierkesch İstanbul), dat aalt Konstantinopel, ass déi gréisste Stad an der Tierkei a gouf ënnert dem Numm Byzantion gegrënnt. Die eigentlech Stad huet 9.797.536 Awunner, an der ganzer Agglomeratioun liewen 11.588.545 Mënschen (Stand jeweils op den 1. Januar 2005).
Si läit souwouel op der europäescher wéi och op der asiatischer Säit un den Uwänner vum Bosporus an ass dofir di eenzeg Metropol, déi sech iwwer zwéi Kontinenter erstreckt. Opgrond vun hirer bal dräidausendjäreger Geschicht ass se eng vu den eelste Stied, déi haut nach op der Welt bestinn. Istanbul ass de Kultur- an Wirtschaftszentrum vun der Tierkei. Traditiounsgeméiss ass Istanbul de Sëtz vum Patriarch vu Konstantinopel, dee als Chef vun der ganzer Orthodoxie unerkannt ass. D'Stad ass Sëtz vum Äerzbëschof vun der tierkesch-orthodoxer Reliounsgemeinschaft, vum armeeneschen Äerzbëschof a vum tierkeschen Oberrabbiner.
Istanbul ass eng Universitéitsstad an huet a sengen Maueren Bibliothéiken, eng Rei vu Muséeen an och auslännesch Kulturinstituten. D'Alstad vun Istanbul gouf 1985 op d' UNESCO-Lëscht vun der Weltkulturierfschaft gesat.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
[Änneren] Kuckeswäertes
- Blo Moschee
- Moschee Hagia Sophia
- Topcapi Palace
- Grousse Basar