Kommunistesch Partei Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Logo | Parteizentral |
---|---|
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 2. Januar 1921 |
President: | Ali Ruckert |
Vize-Presidenten: | |
Trésorier: | |
Sekretär: | |
Websäit: | kp-l.org |
D'Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) ass eng Lëtzebuerger Partei.
[Änneren] Geschicht
D'Kommunistesch Partei Lëtzebuerg ass den 2. Januar 1921 zu Nidderkuer, duerch eng Ofspléckung vun der Sozialistescher Partei, gegrënnt ginn.
An der Tëschekrichszäit hat s'et net einfach: de Zénon Bernard, hiren éischten Députéierten, deen 1936 an d'Chamber gewielt gouf, krut säi Mandat entzunn, an e Versuch vun der konservativer Bech-Regierung, d'KPL duerch e Gesetz verbidden ze loossen, gouf 1937 duerch den Ausgang vum Referendum zum Uerdnungsgesetz (besser bekannt als Maulkuerfgesetz) knapps verhënnert.
Am Zweete Weltkrich war d'KPL vum Nazi-Okkupant verbueden, an hir Memberen hu missen ënnerdauchen, wou vill vun hinne sech an der Resistenz organiséiert hunn. Nom Krich ass hir dat ugerechent ginn, a si gouf e feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Parteielandschaft. Trotz der Polariséierung am Kale Krich hat si am Aarbechtermilieu trei Unhänger. 1968 hat d'KPL 6 Deputéierten an der Chamber, an a Südgemenge wéi zu Esch war si am Schäfferot an huet hei an s do och de Buergermeeschter gestallt.
Nom Zesummebroch vum Kommunismus an Osteuopa an an der Sowjetunioun, ëm 1990, ass et och mat der KPL rapid biergof gaangen. Dozou hunn och Spléckunge bäigedroen: en Deel vun hire Memberen, wéi den André Hoffmann, déi eng méi kritesch Analys vum Stalinismus haten, hun 1993 d'Nei Lénk gegrënnt. Souwuel d'KPL wéi Nei Lénk hun sech 1994 un de Chamberwalen bedeelegt (mä d'Nei Lénk just am Bezirk Süden): d'Nei Lénk krut kee Sëtz an d'KPL huet hire leschte Sëtz verluer a war fir d'éischte Kéier an der Nokrichszäit nët méi an der der Chamber. 1998 gouf Déi Lénk gegrënnt, un där sech och d'KPL bedeelegt huet. Zesummen hunn déi zwou Formatiounen nach vun 1999-2004 een Deputéierte "gedeelt"; 2004 konnte se sech net méi op e Walbündnis eenegen, a weder Déi Lénk nach d'KPL sinn zënterhir méi am Parlament vertrueden.