Koulbich
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Koulbich ass eng Baach am Kanton Réiden an e lénkse Niewefloss vun der Atert.
D'Koulbich entsteet aus dem Zesummeflos vun zwou méi klenge Baachen, op der Plaz Saabur ronn e Kilometer südlech vum Risenhaff Riesenhaff (ACT-Numm op der Generalstaabskaart).
Déi Riets vun deene Baachen huet hir Quellen op Kietschent (477 m) op Kallekbur (490 m)an an der Ponzkoll op enger Héicht vu 510 Meter. Et leeft och nach e klenge Gruef den aus dem Fënzerbur kënnt dran.
Déi Lénks huet hir Quellen um Héischterknapp (495 m) an um Riesenhaff op enger Héicht vu 505 Meter.
Eppes 1.400 Meter méi wäit no ënnen, kritt se vu riets hir éischt Niewebaach, eng Baach ouni Numm, déi hir Quell ëstlech vu Flatzbur am Groussebësch op enger Héicht vu 495 Meter huet.
Si leeft dann an engem schmuelen Dall nach ëmmer weider no Süden a kritt da geschwenn eng Baach vu lénks derbäi. Et ass dëst d' Rennbaach déi zwou Quelle westlech vu Rammerech huet.
Duerno leeft se laanscht Kleng-Elchert. Zu Uewerkolpech leeft se ënner dem CR 303 erduercht weider op Nidderkolpech. Hei gëtt eng Parti vun hirem Waasser an de Weier vum Schlasspark ofgeleet. Ongéféier 800 Meter méi wäit leeft se op enger Héicht vun 281 Meter an d'Atert.
D'Koulbich ass 10.500 Meter laang.