Atert (Baach)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Atert | |
Bild feelt nach | |
Statut | {{{14}}} |
Längt | 38 km |
Héicht vun der Quell | 406 m |
Duerchschnëttsdebit | m³/s |
Fläch vum Baseng | 298,9 km² |
Leeft duerch | Belsch Lëtzebuerg |
Mündung | Uelzecht |
Breet vun der Mündung | n/a |
Floss - Hydrologie |
D'Atert (fr.: Attert) ass en Niewefloss vun der Uelzecht.
Se entspréngt am Kielbësch, südlech vu Nobressart (Gehaanselchert op lëtzebuergesch) an der Belsch.
Tëschent der Uertschaft Atert an Nidderkolpech leeft s'iwwer d'belsch-lëtzebuergesch Grenz. Ee Véierel vun hirem Baseng läit an der Belsch, dräi Véierel zu Lëtzebuerg.
D'Atert fléisst laanscht d'Uertschafte Nidderkolpech, Ell, Réiden, Räichel, Iewerleng, Useldeng, Béiwen un der Atert a Biissen, ir se zu Kolmer-Bierg an d'Uelzecht leeft.
1998 hunn 23 Gemengen an Associatiounen am Atert-Baseng den Atert-Kontrakt (ergänzt 2001 duerch eng Charta) ënnerschriwwen. Dës gesäit eng nohalteg Notzung vum Floss a sengem Baseng vir, an huet deem virgegraff, wat an der europäescher Waasser-Caderdirective vun 2000 virgesinn ass, nämlech eng Gestioun vun de Gewässer op Grondlag vun hirem Baseng, an net vun territoriale Grenzen.
[Änneren] Nieweflëss vun der Atert
[Änneren] An der Belsch
|
|
[Änneren] Zu Lëtzebuerg
|
|
[Änneren] Literatur zum Thema
- Mirjam Oesch (Text) a Guy Hoffmann (Fotoen): Das Tal der Attert - Portrait einer grenzüberschreitenden Region, an den "Editions Guy Binsfeld", Mee 2007, et gëtt och eng franséisch Editioun vum Buch. 232 Säiten, 200 Fotoen.
- Nehrenhausen, Jeannot: 'Un der Atert, no beim Waasser...' Redingens heimliche Lokalhymne, In: Luxemburger Marienkalender. - Jg. 121(2002), p. 126-136, ill.