Leopold Winandy
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Leopold Winandy (gebuer de 5. Mäerz 1936 zu Esch-Uelzecht), ass e Lëtzebuerger Musekpedagog, Flütist an Dirigent.
Hien huet seng musikalesch Studien am Escher Conservatoire gemaach: Solfège, Flûte an Harmonie. Um Conservatoire Royal de Bruxelles huet hie seng Studie vervollstännegt. An de Jore 1976 a 77 war hie Schüler vum groussen Dirigent Sergiu Celibidache.
Am Escher Conservatoire war hie Professeur fir Solfège, Flütt a Blockflütt. Als Éischten zu Lëtzebuerg huet hie schonn 1969 Coursë gi fir Kodally Orff, mat Kanner vu 4 Joer un. An de läschte Joren huet hie Solfègebicher publizéiert, déi beim Musekverlag PIWA erauskomm sinn. Dës Bicher gi vum Eveil bis d'fënneft Jor Solfège a sinn e wichtege Beitrag fir d'Musekserzéiong am Land.
Hie war Dirigent vun der Harmonie vu Schëffleng, dem Cercle Symphonique vu Rëmeleng, dem Kiirchechouer vu Lalléng, dem Kannerchouer vu Schëffléng an dem Gesangveräin Ëmmer Frou vun Téiteng.
Zenter 2000 as hien Dirigent vum Chouer "Cercle Vocal Belval-Metzerlach".