Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
Dëse Geographiesartikel zu Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Iwwerräscht vun enger haarder Biergaarbechterzäit: een Eisenäerz-Buggy
Téiteng ass eng Uertschaft an der Gemeng Keel.
D'Gemeng ass am Süde vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an engem Dall (Keeldall genannt), wat sech no Norde breet mécht an an den Uelzechtdall iwwergeet. De Keeldall ass flankéiert op zwou Säite mat Koppen a klenge "Bierger", et sinn Ausleefer vun de Vogesen.
Op der ëstlecher Säit vu Süden no Norde gekuckt fanne mer hei de Perchesbierg, den Hesselsbierg, den Hérenterbierg, d'Haard, den Duelebierg, de Kalebierg, de Gaalgebierg an als leschten an der Rei de Gehaansbierg. Op der westlecher Säit vu Süden no Norde gekuckt gesi mir de Millebierg, den Tewesbierg, de Bromeschbierg, nach e Gaalgebierg bei Aedelen, de Brucherbierg an d'Weimeschkëppchen (hei louch iwwregens ganz uewen op der Kopp (iwwer 390m) eng keltesch Siidlung mat Verdeedegungsrempartën).
Op an an deene Koppen ass Minett gewonne ginn, vu Kelten, Réimer, bis an eis lescht Joerhonnert, an hunn dem Land säi Räichtum bruecht.
[Änneren] Bevëlkerungsentwécklung
[Änneren] Kuckeswäertes
[Änneren] Bekannten Téitenger
- Pierre Wagener (1782-1812)
- Jean-Pierre Nuel (1847-1920)
- Jean Schortgen (1880-1918)
- Camillo Felgen (1920-2005)
[Änneren] Téitenger Sportler