Leto
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Leto war an der griichescher Mythologie d'Duechter vum Koios an der Phoibe. Duerch den Zeus war si d'Mamm vun den Zwillingen Apollo an Artemis. Während hirer Schwangerschaft huet dem Zeus seng Fra Hera aus Jalousie verbueden datt een si soll ophuele fir ze entbannen. D'Leto ass dunn emhirgeierrt bis si schlussendlech op der Insel Delos en Ënnerdaach fonnt an hir Kanner do op d'Welt bruecht huet.
Zu hire Kanner hat d'Leto liewenslänglech en häerzlecht Verhältnis. Déi zwee hunn hir Mamm géint de Ris Tityos verteidegt a géint de Spott vun der Niobe. Duewéinst si Mamm a Kanner dacks zesummen am Kult veréiert ginn.
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |