Mëllechstrooss
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Mëllechstrooss ass déi bandfërmege Ophellung um Nuetshimmel, déi längs enges Grousskrees d’Himmelskugel ëmspant. De Begrëff steet gelegentlech och als ofkierzend Bezeechnung fir d’Mëllechstroossesystem selwer, och eis Galaxis genannt. D’Stäresystem vum Typ enger Balkespiralgalaxis ass d’Heemecht vun eisem Sonnesystem. Aner extragalaktesch Stäreninselen ginn och Galaxien genannt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
Schon an der Antikitéit war d'Mëllechstrooss als hell, schmuel Sträif um Nuetshimmel bekannt. Eng antik griichesch Soo erzielt vun enger Gëttin Hera, déi hiren Stéifjong Herakles gestëllt huet. Wou deen awer e bësschen ze vill rabiat zougebass huet, ass ganz Mëllech iwwer den Himmel gesprëtzt ginn. Aus dem griichesche Wuert „Gala“ (Mëllech) entwéckelt sech de griichesche Begrëff γαλαξίας, (galaxías).
Och déi afrikanesch San hunn fir d'Mëllechstroos e poetesche Numm : „D'Réckgrat vun der Nuecht“.
Erréischt am Joer 1609 konnt de Galileo Galilei duerch Observatiounen mat dem Teleskop déi richteg Natur vun der Mëllechstrooss entdecken an si zoumannst deelweis an eenzel Stären opléisen.
Zur éischten Virstellung vun der Scheiweform koum den Wilhelm Herschel am Joer 1785 opgrond systematescher Stärenzielungen (Stellarstatistik).
[Änneren] Opbau vun der Galaxis
[Änneren] Allgemeng Struktur
D'Mëllechstroossesystem ass eng véier- oder fënnefarmeg Balkespiralgalaxis. Si besteet aus ronn 300 Milliarden Stären a grouss Quantitéiten un interstellarem Material, déi nach eng Kéier 600 Milliounen bis e puer Milliarden Sonnemassen ausmaachen. D'Mass vum banneschte Beräich vun der Galaxis gëtt mat ongeféier 3,6×1041 kg gerechent. Hir Ausdeenung an der galakteschen Gläiche bedréit ronn 100.000 Liichtjoer (30 kpc), d'Déckt vun der Scheif ass ronn 3000 Liichtjoer (920 pc) an déi vun der zentraler Bëlz (engl. Bulge) ronn 16.000 Liichtjoer (5 kpc).
De Balken bilt mat der Verbindungslinn vum Sonnesystem zum Zentrum vun der Mëllechstrooss e Wénkel vun 45°. D'Mëllechstrooss ass also vermutlech eng Balkespiralgalaxis vum Hubble-Typ SBc. Geméiss enger Bestëmmung mat Hëkkef vum Infrarout-Weltraumteleskops Spitzer ass d'Balkestruktur mat enger Ausdeenung vun 27.000 Liichtjoeren iwwerraschend laang.
D'Gesamtmass von der Mëllechstrooss gëtt op 1,9 Billiounen Sonnemassen geschätzt, domat ass si déi maz Ofstand masseräichste Galaxis vun der lokaler Grupp (vgl. Andromedaniwwel: 1,2 Billiounen).
[Änneren] Galakteschen Halo
Ronderëm ass d'Galaxis ëmginn vun engem kugelfërmegen galakteschen Halo mat engem Duerchmiesser vun ronn 165.000 Liichtjoeren (50 kpc), enger Art vun galaktescher „Atmosphär“. An him befannen sech niewent den ronn 150 Kugelstärekéip nëmme weider al Stäre, dorënner RR Lyrae-Verännerlecher, a Gas vu wéineger Dicht. Ausnahmen sinn déi hëtzeg Blue Straggler-Stäre. Dozou kommen eng grouss Mass Donkel Materia mat ronn 1 Billion Sonnemassen, dorënner och sougenannte MACHOen. Anescht wéi d'galaktesch Scheif ass den Halo bal ouni Stëps an enthält bal nëmmen al Stären , metallarm Populatioun II, deenen hiren Orbit ganz staark géint déi galaktesch Gläiche gekrëmmt ass.
[Änneren] Galaktesch Scheif
De Groussdeel vun de banneschten Stäre vun der Galaxis sinn zimlech gläichméisseg op der galaktescher Scheif verdeellt. Si enthält am Géigesaz zum Halo virun allem Stäre vun der Populatioun I, déi sech duerch en héigen Undeel schwéier Elementer auszeechnen.
[Änneren] D'Lag vun eiser Sonn an der Mëllechstrooss
D'Sonn ëmkreest d'Zentrum vum Mëllechstroossesystem an engem Ofstand vun 25.000 bis 28.000 Liichtjoer a befënnt sech ronn 15 Liichtjoer nërdlech der Mëttelgläich vun der galaktescher Scheif bannen vum Orion-Arm, an engem zimlech stëpsfräien Raumgebitt, dat als "Lokal Bloos" bekannt ass. Fir een Ëmlaf ëm d'Zentrum vun der Galaxis, dat Galaktescht Joer, brauch si 220 bis 240 Milliounen Joer, wat enger Rotatiounsvitesse vun ronn 220 km/s entsprëcht. D'Erfuerschung vun dëser Rotatioun ass mëttels der Eegebewegung an der Radialschnellegkeet viller Stäre méiglech; aus hinnen gouf ëm 1930 d'Oortschen Rotatiounsformel ofgeleet.
[Änneren] Alter
No Miessungen aus dem Joer 2004 ass d'Mëllechstroossesystem ongeféier 13,6 Milliarden Joer al. D'Genauegkeet vun dëser Ofschätzung, déi d'Alter unhand vum Berylliumundeel verschiddener Kugelstärekéip bestëmmt, gëtt mat ronn 800 Milliounen Joeren uginn.
[Änneren] Literatur
- Cuno Hoffmeister: Der Aufbau der Galaxis. Akademie-Verlag, Berlin (1966)
- Nigel Henbest, Heather Couper: Die Milchstraße Birkhäuser Verlag, (1996), ISBN 3-764352-35-3
- Spektrum der Wissenschaft. Dossier 4/2003: Die Milchstraße. ISBN 3-936278-38-5
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Milchstraße – Biller, Videoen oder Audiodateien |