Balkespiralgalaxis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Balkespiralgalaxis, oder kuerz Balkegalaxis genannt, ass eng Spiralgalaxis mat engem méi oder wéineger riichte Band vun helle Stären. Dëse „Balke“ reecht vum Galaxiszentrum bis an ënnerscheedlech Distanzen, an e puer Fäll esouguer bis bal un de Rand. D’Spiraläerm gi vun de Balkenenner aus.
Den Edwin Hubble huet dës Arte vu Spiralgalaxien als „SB“ (englesch „Spiral Barred“) agestuft, an huet si ënnerdeelt an Ënnerklassen no der Auspräegung vun de Balken a sengen Spiraläerm :
- SBa-Galaxien hunn e grousse balkefërmege Kär, d’Spiraläerm si bal rankfërmeg zou.
- SBb-Galaxie besëtze méi staark betounten Äerm a méi e schwaache Kär
- SBc-Galaxien hunn S-fërmeg Äerm, déi nëmme liicht gekrëmmt sinn. Si hunn kee Kär awer eng zentral Verdéckung.
Spéider gouf eng véiert Kategorie bäigesat:
- SBm-Galaxie sinn Zwerg-Balkespiralgalaxien. Och déi grouss Magellanesch Wollek gehéiert no neitste Fuerschunge wéi et schéngt zu dëser Grupp.
Balkespiralgalaxien gëtt et zimlech heefeg. Fuerschunge weisen, datt bis zu 2/3 vun alle Spiralgalaxien eng Balkestruktur opweisen. D’Mëllechstrooss ass och eng Balkespiralgalaxis.
De Beräich vum Balke stellt eng aktiv Stäregebuertsplaz duer. Dobäi fléisst Gas, aus deem sech d’Stären zesummesetzen, vun de Spiraläerm a Richtung Zentrum vun der Galaxis.
D’Balkestruktur ass méiglecherweis d’Resultat vun enger Dichtheetswell, déi sech radial vum Galaxiszentrum ausbreet, an d’Ëmlafbunne vun deene banneschte Stäre beaflosst.
Méiglecherweis baut sech d’Struktur awer op duerch géigesäiteg gravitativ Stéierunge vu Galaxien.
Et gëtt ugeholl, datt Balkespiralen nëmmen e Virgängerstadium an der Entwécklung vu Galaxien duerstellen. D’Balkespirale forme sech am Laf vun der Zäit zu „reguläre“ Spiralgalaxien aus.