Mýkonos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geographiesartikel zu Griicheland ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mýkonos (griechisch Μύκονος) ass eng griichesch Insel vu de Kykladen, südëstlech vu Tinos
. Sie ass bis zu 20 x 14 km grouss an bedeckt eng Fläch vu 86 km². D'Insel besteet aus enger waasserarmer Granitfläch an zielt 5200 Awunner (2002). Den hëchste Punkt läit op 364 m. D'Haaptagglomeratioun ass Mýkonos, eng Uertschaft, déi op der Westküst läit. Ëm Mýkonos läien schéin Plajen, déi vu regelméissegen Busverbindungen profitéieren.
Mýkonos ass eng vu den meescht besichten griicheschen Inselen, déi vu gudd ausgebauten touristeschen Infrastrukturen profitéiert. Dagsiwwer kommen vill Visiteuren no Mýkonos. Et get vill Butikker, (Souvenirsgeschäfter, Bijouterien a Kleederbutiiker) an een Akafsbummel lount sech hei. Fir gudd Iessen an Drenken an de villen klengen Tavernaen ass beschtens gesuergt. Och d'Nuetsliewen bléit.
[Änneren] Verkéiersverbindungen
Mýkonos huet en eegenen klengen Fluchhafen an et bestinn Fährverbindungen mat dem Piräus, Delos an anere griicheschen Inselen vum Grupp vu de Kykladen.
[Änneren] Kuckeswäertes
D'Wandmillen vu Mýkonos si souzesoen weltbekannt a figuréieren op alle touristesche Prospekter. Déi schmuel Gässelen, besonnesch rondrëm de klengen Hafen mat senge ville Jachten, verdengen, datt e derduerch trëppelt.
Op der Insel gët et och e Pelikan, de Petros, dee vun den Awunner an den Touristen gefiddert a vu jidderengem geknippst get. De Petros ass haut och nimméi leng, mä huet Nokommen kritt. D'Pelikanen déi ongenéiert bis an d'Geschäfter trëppelen, sinn neierdengs zur Maskott vun der Insel ginn.