Madeleine Frieden-Kinnen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel zu engem Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Madeleine Frieden-Kinnen (*4. Oktober 1915, † 8. Februar 1999) war eng lëtzebuergesch CSV - Politikerin.
Si war déi éischt Fra, déi zu Lëtzebuerg Member vun enger Regierung gouf. Den 3. Januar 1967 gouf si, no enger Regierungsëmbildung, Staatssekretärin fir Famill, Sozial Solidaritéit, Jugend, Bevëlkerung, Bildung, Kultur a Kultus an der Regierung Werner-Cravatte. Den 2. Februar 1969 gouf se zur Ministesch fir Famill, Jugend, Sozial Solidaritéit a Gesondheet a Ministesch fir Kultur a Kultus an der Regierung Werner-Schaus II ernannt.
1972 ass si am Kader vun der Buergfrid-Affär zeréckgetrueden an huet sech bal ganz aus dem ëffentleche Liewen zeréckgezunn. No hirem Doud, 1999, gouf, als ee vun hire lescht Wënsch, e Bréif an der Chamber virgelies, an dem se sech als onschëlleg an Affer vun engem Justiziertum erkläert huet.
Si war d'Wittfra vum Pierre Frieden (1892 - 1959).