Marilyn Monroe
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Marilyn Monroe, gebuer den 1. Juni 1926 zu Los Angeles als Norma Jean Mortenson a gestuerwen de 4. August 1962 och zu Los-Angeles, war eng US-amerikanesch Schauspillerinn.
Am Ufank vu senger Carrière huet d'Marilyn Monroe als Aktmodell seng Sue verdéngt a gouf e populärt Pin-up-girl vun den US-amerikaneschen Zaldoten.
Duerno huet hat an de 1950er Joren a villen, dack komeschen an iwweraus erfollegräiche Filmen matgespillt.
[Änneren] Filmographie (Auswiel)
- We're Not Married, 1952
- Niagara, 1953
- Gentlemen Prefer Blondes, 1953
- River of No Return, 1954
- The Seven Year Itch, 1955
- Bus Stop 1956
- The Prince and the Showgirl, 1957
- Some Like It Hot, 1959
- Let's Make Love 1960
- The Misfits, 1961
- Something's Got to Give, 1962