Mast vun der Nuetsantenn zu Maarnech
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Mast vun der Nuetsantenn zu Maarnech ass een dräieckigen Gittermast deen mat Kabelen aafgespaant ass.
De Mast gehéiert zum Mëttelwellesender vun RTL.
E gouf 1970 a Betriib geholl an ass 60 Meter héich.
Fir d'Leeschtung vum Sender ze vergréisseren ass dernieft 1976 een Reflektermast opgeriicht ginn.
Dës 2 Maste stinn eigentlech net zu Maarnech, mee um Terrain vun der Gemeng Housen, an der Lehmkaul zu Duerscht, op enger Héicht vu 530 Meter, net wäit ewech vum Schwaarzenhiwel (esou op der topographescher Kaart agedroen), eng vun den héichste Plazen zu Lëtzebuerg (535 m).