Nuetsreflekter vu Maarnech
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Nuetsreflekter vu Maarnech gouf 1976 opgeriicht fir d'Leeschtung vum Nuetssender méi grouss ze maachen.
Et ass een Tuerm dee fräisteet, mat engem dräieckege Quierschnëtt am stole Fachwierkbau.
En ass 65 m héich, a steet eigentlech net zu Maarnech, mee um Terrain vun der Gemeng Housen, an der Lehmkaul zu Duerscht op enger Héicht vu 530 Meter, net wäit ewech vum Schwaarzenhiwel (esou op der topographescher Kaart agedroen), eng vun den héichste Plazen zu Lëtzebuerg (535 m).