Mole
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Mole ass eng Unitéit am SI-Eenheetesystem, déi haaptsächlech an der Physik an an der Chimie gebraucht gëtt. Bei enger Mole handelt et sech ëm déi Quantitéit vun enger Matière vun engem System, deen aus grad esouvill Eenzeldeelercher (Atomer, Molekülen, Ionen, Elektronen,...) besteet, wéi et Atomer an 12 Gramm vum Kuelestoff-Nuklid 12C gëtt.
Dës Unzuel vun Entitéiten ass: NA = 6,0221415 × 1023 mol-1.
Et ass dëst eng Zort Konstant, déi vum Amedeo Avogadro festgeluecht gouf. Dofir ass d'Unzuel vun Entitéiten an enger Mole och no him Avogadro-Zuel benannt ginn.
Vereinfacht gesot ass eng Mole eng Unitéit vum selwechte Genre wéi z.B. eng Dosen. Zwou Dosen Eeër sinn 2 × (12) = 24 Eeër. An zwou Molen Eeër sinn 2 × (6,0221415 × 1023) = 12,044283 × 1023 Eeër, also ronn 1204 Trilliarden Eeër. Bäi dësem Verglach gëtt och däitlech, firwat een eng Unzuel Eeër éischter an Dosen ausdréckt an eng Unzuel Atomer oder Molekülen éischter a Molen.