Paräisser Theater
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Paräisser Theater ass nëmmen eng vun de ville kulturellen Offeren, déi d'Haaptstad vu Frankräich ze bidden huet. Zu Paräis stinn eng ronn 100 Theater.

D'Paräisser Oper (haut Opéra National de Paris) an hir Virgängerinstituter spillen an der Geschicht vun der Oper duerch hir stilprägend Uropféierungen eng bedeitend Roll. Haut bedreiwt si zwéin Operenhaiser. D'Opéra Garnier (och Palais Garnier), déi 1875 opgaangen ass, an no hirem Architekt bekannt gouf, ass mat enger Fläch vun 11.237 Quadratmeter de gréissten Theater vun der Welt, wärend sech d'Opéra Bastille, déi 1989 ageweiht gouf, duerch hir erausragend Bühnentechnik auszeechent. Zënter deem déi nei Oper opgaangen ass, gëtt de Palais Garnier haatsächlech awer net ausschlisslech fir Balletsopféierungen a klassesch Opere genotzt. D'Paräisser Oper ënnerhält en hauseegene Balet, de Ballet de l'Opéra de Paris, mat enger eegener Balletsschoul.
Och d'Comédie-Française oder Théâtre français, wou sech de Schauspillensembel houfreg ka sinn, datt en 1680 aus der Zesummeleeung vum Molière sengem ehemolegen "Illustre Théatre" mat anere Schauspilltruppen erfirgaangen ass, huet eng laang Traditioun. Berühmte Schauspiller waren ënner anerem Sarah Bernhardt a Jean-Louis Barrault. Den Theater deen haut staatlech ass, spillt gréisstendeels e klassesche Repertoire.
Den Théâtre des Champs-Élysées, vun 1911 bis 1913 no de Pläng vum Henry van de Velde an Auguste Perret ausgefouert, huet um Ufank vum 20. Joerhonnert duerch seng Architektur fir Opreegung gesuergt. Als Musektheater a Concertshaus ass et den Doheem vum Orchestre National de France a vum Orchestre Lamoureux souwéi och de Stëtzpunkt vun de Wiener Philharmoniker a Frankräich.
Opmierksamkeet muss een och de Programme vum Théâtre du Châtelet op der Plaz mam selwechten Numm an dem Stadtheater Théâtre de la Ville, deen direkt vis-à-vis läit, schenken.
Zäitgenëssssch Komödien, Boulevard- a Vaudeville-Stécker ginn an enger grousser Rei vu klengen Theateren opgefouert, wéi zum Beispill am Théâtre des Bouffes-Parisiens, wat de Jacques Offenbach de 5. Juli 1855 grgënnt huet. Den Numm vum Theater kënnt vun „Opéra bouffe“ wéi den Offenbach vill vu senge Wierker benannt huet.
Frënn vum Revuetheater kommen am Moulin Rouge, am Lido an am Paradis Latin op hir Käschten. De Moulin Rouge, deen de 6. Oktober 1889 vum Joseph Oller opgemaach ginn ass, krut säin Numm vun der markanter Nobildung vun enger rouder Millen op sengem Daach. Berühmt gouf en duerch seng Cancan- a Chahut-Dänzerinnen.
Rockconcerte kann een am Zénith am Parc de la Villette an am Palais Omnisports de Paris Bercy lauschteren. De Zénith gouf 1983 op Initiativ vum demolege Kulturminister Jack Lang gebaut an no de Pläng vun den Architekte Philippe Chaix a Jean-Paul Morel den 12. Januar 1984 mat engem Concert vum franséische Sänger Renaud ageweiht.
D'Arènes de Lutèce (Arene vu Lutetia) gëllen als dat eelste Bauwierk vun der Stad, wat nach erhalen ass. De réimeschen Amphitheater steet an der rue Monge, am 5. Arrondissement. D'Arena staamt aus dem 1. Joerhonnert n.Chr. a gouf bis zum Enn vum 3. Joerhonnert genotzt. Circa 17.000 Persoune konnten den Theatervirstellungen, mee och de Kämpf op Liewen an Doud, bäiwunnen. Mam Opkomme vum Chrëschtentum hunn d'réimesch Zirkusser allgemeng u Bedeitung verluer, a wéi am 3. a 4. Joerhonnert d'germanesch Stämm an dat réimescht Gallien agefall sinn, goufen d'Arenes de Lutèce zougemaach, an hir Stäng fir de Bau vun de Stadmaueren an anere Befestegungsanlage benotzt.
[Änneren] Um Spaweck
![]() |
Portal vun der Stad Paräis – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Stad Paräis. |