Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 6. Oktober ass den 279. Dag (280. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1789: D'franséisch kinneklech Famill gëtt op Paräis bruecht an d'Assemblée nationale léisst sech och hei néier.
- 1939: Déi lescht polnesch Zaldoten kapituléieren virun der däitscher Wehrmacht (Zweete Weltkrich).
- 1973 : Ufank vum Jom-Kippur-Krich: Egypten a Syrien gräifen déi israelesch Front un.
- 1981: Den egyptesche Staatschef Anwar as-Sadatgëtt ermuerdt; de Vize-Präsident Mohamed Hosni Mubarak gëtt säi Nofollger.
- 877: Karel de Plakapp, fränkesche Keeser.
- 1981: Anwar as-Sadat, egyptesche Staatspresident a Friddensnobelpräisdréier.
- 1989: Bette Davis, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1989: Jacques Doniol-Valcroze, Filmregisseur.
- 1999: Amália Rodrigues, portugisesch Fado-Sängerin;
- 2002: Prënz Claus, Mann vun der hollännescher Kinnigin Beatrix