Passerelle
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Passerelle, och nach Viaduc oder Al Bréck genannt, ass eng Bréck an der Stad Lëtzebuerg, déi d'Alstad mam Garer Quartier verbënnt. Si huet eng Längt vun 308,40 Meter a besteet aus 26 Béi (vun deenen der haut e puer verstoppt sinn). D'Feldwäite vun de Béi variéieren tëscht 8 a 15 Meter an Bréck ass 45 Meter héich.
D'Pläng vun der Bréck goufe vun den Ingenieure vum Guillaume-Luxembourg, Édouard Grenier an Auguste Letellier, gemaach. Gebaut gouf se vun der englescher Firma Waring Brothers; de Grondstee gouf de 5. Oktober 1859 geluecht. Fir de Verkéier gung d'Bréck den 29. August 1861 op.
Well während dem Bau vun der Bréck eng hëlzen Noutbréck, eng Passerelle, opgeriicht gi war, huet och déi fäerdeg Bréck dësen Numm kritt a bis haut behalen.
Si war déi éischt direkt Verbindung tëschent den Uwänner vum Péitrussdall. Den Numm "Al Bréck" krut se, wéi ugangs 1900 d'"Nei Bréck", nämlech d'Adolphe-Bréck, gebaut gouf.