Paul Wilwertz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Paul Wilwertz gebuer de 7. Abrëll 1905 zu Wolz a gestuerwen den 28. Dezember 1979 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker.
De Paul Wilwertz huet Droit studéiert. 1926 ass hien an d'Lëtzebuerger Aarbechterpartei agetrueden, Vun 1930 bis 1932 war hie President vun der ASSOSS. Hien ass an de Statsdéngscht agetrueden a gouf 1938 en enke Mataarbechter vum Aarbechtsminister Pierre Krier. Hie war Attaché, duerno Conseiller de Gouvernement. Vun 1945 bis 1951 war hien Direkter vum Office National du Travail.
An der Aarbechterpartei (vun 1947 un LSAP) war hie vun 1945 un am Direktiounscomité, vun 1948-1949 Vizepresident an 1951, dann nees 1955 bis 1959, President.
1951 ass hien an d'Chamber gewielt ginn. 1954 gouf hie Commissaire général fir Wirtschaft an der Regierung Bech-Bodson, 1957 Staatssekretär, an 1958, wéi de Michel Rasquin Commissaire bei der Europäescher Commissioun gouf, Minister fir Wirtschaft (och an der Regierung Frieden bis zu deeër hirem Récktrëtt 1959).
Vun 1964 bis 1969 war de Paul Wilwertz Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. 1968 gouf hien nach eng Kéier Deputéierten, a war 1969 - 1974 Vizepresident vun der Chamber.
1945 bis 1954, an dan nees 1960 bis 1968, war hie Member vum Staatsrot.
Weiderhi war de Paul Wilwertz vun 1940 bis 1941 a vun 1945 bis 1967 President Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois a Vizepresident vun der Union Cycliste Internationale. Vun 1960 bis 1970 war hie President vum Comité olympique.
[Änneren] Kuckt och
Virgänger: Émile Hamilius |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1964- 1969 |
Nofolger: Colette Flesch |