Pierre Krier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Pierre Krier (gebuer de 4. Mäerz 1885 zu Bouneweg, gestuerwen den 20. Januar 1947 an der Stad Lëtzebuerg) war e lëtzebuergesche Politiker.
De Pierre Krier war geléierten Eisebunnsschlässer, hie gouf fir d'éischt Heizer, dono Lokomotivführer. 1916 gouf e Mataarbechter vun der Wochenzeitung vun der sozialistescher Partei Die Schmiede. Den 30. Mee 1918 gouf hien an d'Chamber gewielt.
Vun 1924 bis 1937 war hien am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg. Vum Juli 1919 u war hie Generalsekretär vun de fräie Gewerkschaften a Redakter vun hirer Publikatioun, Der Proletarier. Méi spéit gouf e Verbandspresident, bis en de 5. November 1937 Aarbechtsminister an der Regierung Dupong-Krier gouf. Hien huet dëse Portefeuille bis zu séngem Doud 1947 bäibehalen, och déi Zäit vun der Exilregierung.
De Pierre Krier war de Brudder vum Antoine Krier.