Physiker
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Physiker ass eng Beruffsbezeechnung fir Wëssenschaftler, déi an der Physik täteg sinn.
[Änneren] Beruffsfeld
Physiker (Diplom-Physiker) besetzen e villfälltegt Beruffsfeld: si léisen Aufgaben an der Grondlag- an Industriefuerschung, Entwécklung, Produktioun, Berodung, Organisatioun a Verwaltung, am Marketing, am Ëffentleche Dingscht an an der Léier op Schoulen an Héichschoulen. Dobäi schadden si mat Methoden wéi: theoreteschen, experimentellen an ugewandten Physik.
An der Regel sinn si op ee Spezialgebitt orientéiert, wéi zum Beispill Kärphysik an Elementardeelchephysik, Atom-, Héichenergiephysik an Molekularphysik, Clusterphysik, Festkierperphysik, Hydrodynamik, Aerodynamik, Stréimungsléier, Thermodynamik, Optik, Akustik, Elektrodynamik, Plasmaphysik an Déiftemperaturphysik, Astrophysik, Extraterrestresch Physik, Biophysik.
Diplom-Physiker schaffen an der Fuerschung a ginn hir Léier weider op den Héichschoulen. Si sinn an der Fuerschungs- an an der Ëntwecklung vûn Entreprisen a bal aller Branchen täteg, zum Beispill am Maschinnen- oder Gefiertsbau, an der Radio-, an der Nochriichtentechnik, der Medizin-, der Mooss-, Steier- an der Regelungstechnik, der Energieschaafung an der -verdeelung oder der Chemesch Industrie.
[Änneren] Literatur
- Die großen Physiker, 2 Bde.: Von Aristoteles bis Kelvin; Von Maxwell bis Gell-Mann. Hrsg. v. Karl von Meyenn. 1997, ISBN 3-406-41151-7