Regierung Dupong-Krier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Regierung Dupong-Krier koum zu Lëtzebuerg de 5. November 1937 nom Récktrëtt vum Staatsminister Joseph Bech, wéinst dem Ausgang vum Referendum iwwert dat sou genanntent Maulkuerfgesetz, an d'Amt.
Et war eng grouss Koaltiounsregierung tëschent der Rietspartei an der Aarbechterpartei. Am Ufank waren och déi Liberal mat derbäi; den Étienne Schmit ass awer am Dezember 1937 gestuerwen. Doropshin koum et de 7. Februar 1938 zu enger Ëmbildung. De 6. Abrëll 1940 koum et zu enger weiderer Ëmbildung, wéi de Victor Bodson dem René Blum seng Portefeuillën iwwerholl huet.
Beim Däitschen Iwwerfall op Lëtzebuerg, den 10. Mee 1940 kunnten, bis op den Nicolas Margue, all d'Regierungsmemberen sech iwwert d'Grenz an den Exil maachen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Zesummesetzung
[Änneren] Vum 5. November 1937 bis de 7. Februar 1938
- Pierre Dupong (Rietspartei): Staatsminister, Regierungspresident, Minister fir Finanzen an d'Arméi
- Joseph Bech (Rietspartei): Ausseminister, Minister fir Wäibau, Konschten a Wëssenschaften
- Étienne Schmit (Liberal): Minister fir den Intérieur, Handel, Industrie an Transport (+ 19. Dezember 1937)
- Nicolas Margue (Rietspartei): Minister fir Erzéiung, Landwirtschaft an de Kultus
- Pierre Krier (Aarbechterpartei): Minister fir Sozialversécherung an Aarbecht
- René Blum (Aarbechterpartei): Justiz- a Bauteminister
[Änneren] Vum 7. Februar 1938 bis de 6. Abrëll 1940
- Pierre Dupong (Rietspartei): Staatsminister, Regierungspresident, Minister fir Finanzen an d'Arméi
- Joseph Bech (Rietspartei): Ausseminister, Minister fir Wäibau, Konschten a Wëssenschaften an, ad interim fir den Intérieur
- Nicolas Margue (Rietspartei): Minister fir Erzéiung, Landwirtschaft an de Kultus, an ad interim, Minister fir Handel, Industrie a Beruffer
- Pierre Krier (Aarbechterpartei): Minister fir Sozialversécherung an Aarbecht
- René Blum (Aarbechterpartei): Justiz- a Bauteminister, Minister fir Transport ad interim
[Änneren] Vum 6. Abrëll 1940 bis den 10. Mee 1940
- Pierre Dupong (Rietspartei): Staatsminister, Regierungspresident, Minister fir Finanzen an d'Arméi
- Joseph Bech (Rietspartei): Ausseminister, Minister fir Wäibau, Konschten a Wëssenschaften an, ad interim fir den Intérieur
- Nicolas Margue (Rietspartei): Minister fir Erzéiung, Landwirtschaft an de Kultus, an ad interim, Minister fir Handel, Industrie a Beruffer
- Pierre Krier (Aarbechterpartei): Minister fir Aarbecht a Sozialversécherung
- Victor Bodson (Aarbechterpartei): Justiz-, Bauten- an Transportminister
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
de la Fontaine | Willmar | Simons | de Tornaco | Servais | de Blochausen | Thilges | Eyschen | Mongenast | Loutsch | Thorn | Kauffman | Reuter | Prüm | Bech | Dupong-Krier | Exilregierung | vun der Befreiung | National Unioun | Dupong-Schaus | Dupong-Schaus-Bodson | Bech-Bodson | Frieden | Werner-Schaus I | Werner-Cravatte | Werner-Schaus II | Thorn-Vouel-Berg | Werner-Thorn-Flesch | Santer-Poos I | Santer-Poos II | Santer-Poos III | Juncker-Poos | Juncker-Polfer | Juncker-Asselborn