Pierre Werner
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Pierre Werner (* 29. Dezember 1913 zu Lille, † 24. Juni 2002 an der Stad) war e lëtzebuergesche Politiker a gëllt als ee vun de "Pappen" vum Euro.
No sengem Studium, tëscht 1934 an 1937, zu Paräis (Droit a Politikwëssenschaft) schafft hie bei der Banque Générale du Luxembourg.
1945 gëtt hie "Commissaire au contrôle des banques". Vun 1953 bis 1959 ass hien, an der Regierunge Bech a Frieden, Finanz- an Arméiminister.
Den 2. Mäerz 1959, nom Doud vum Pierre Frieden, gëtt hie Premierminister, Staats- a Finanzminister. 25 Joer laang, tëscht 1959 an 1984 ass hien, mat Ausnahm vun de Joren 1974-1979, Regierungschef vu verschiddene Koalitiounsregierungen, an huet zäitweileg d'Portefeuillën Aussebezéiungen, Finanzen, Justiz, Fonction publique an/oder Kultur.
1970 schafft hien e Plang aus (de soug. Werner-Plang), en éischte Versuch fir eng europäesch Währungsunioun ze schafen. Dëse gouf awer, wéinst de wirtschaftleche Problemer an Europa vun der Mëtt vun de 1970er Joren un, fale gelooss, a gouf eréischt 1985 mam Delors-Plang ërem opgeholl. Dëse sollt dann och zu der Grënnung vun der EMU a spéider zum Aféiere vum Euro féieren.
1984 trëtt hien net méi bei de Chamberwalen un, an ass tëscht 1985 a 1987 President vum Verwaltungsrot vun der CLT.
De Pierre Werner ass de 24. Juni 2002 an der Stad Lëtzebuerg verscheet.
[Änneren] Literatur zum Thema
- Werner, Pierre: Itinéraires luxembourgeois et européens, évolutions et souvenirs, 1945-1985 (Tome 1 et Tome 2), Luxembourg, 1991.
- Mühlen, Ernest a Werner, Pierre: Les finances communales, Cahiers économiques, n. 4, Banque Internationale à Luxembourg, Luxembourg, pp. 1-29, 1975
[Änneren] Kuckt och
- Regierung Werner-Schaus I
- Regierung Werner-Cravatte
- Regierung Werner-Schaus II
- Regierung Werner-Thorn-Flesch
- Prix Pierre Werner
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Premierministeren