Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois (REEL) ass e Studententreffen dat säit 1984 organiséiert gëtt. Dëst geschitt am Partenariat mat der ACEL an dem jeeweilege Studentencercel. Op der Generalversammlung vun der ACEL décidéieren d'Vertrieder vun den Cercelen a wat fir enger Stad d'REEL organiséiert gëtt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Sënn vun der REEL
De Sënn vun enger REEL ass et aktuell Sujeten aus dem Studenteliewen, sief et politescher, ekonomescher mee och sozialer oder kultureller Natur, opzegräifen a se zesumme mam lëtzebuergeschen Héichschoulminister ze diskutéieren. Dëst geschitt a Form vun Diskussiounsronnen, Workshopen a Présentatiounen woubäi och Kontakter mat der Aarbechtswelt geknëppt kenne ginn. Ausserdeem gëtt duerch déi gemeinschaftlech Aktivitéiten den Zesummenhalt an d'Frëndschaft tëscht de lëtzebuergesche Studentencercelen weider verstäerkt.
[Änneren] De Programm vun enger REEL
Eng REEL dauert an der Regel 4 Deeg (Donneschdes bis Sonndes). Nieft de Schwéierpunkte vun aktuelle Suergen a Fuerderunge vun de Studenten, steet d'REEL och all Joer ënner engem Motto. Dëst ass e generellt Thema, vu Bedeitung am europäesche Raum, wat et de Studenten erlaabt sech iwwer hier Discipline eraus mat Problematiken op europäeschem Plang ausserneen ze setzen. D'REEL bitt ausserdeem d'Méiglechkeet dé jeeweileg Stad a Regioun kennenzeléieren a sech op kulturellem Plang weiderzebilden. Wirtschaftlech oder politesch Aspekter ginn ausserdeem duerch Visite vu Firmen an Institutiounen méi no bruecht. Duerch deen eemolegen Rassemblement vun diverse Studenten aus verschiddene Fachrichtunge bitt d'REEL eng excellent Plattform fir Rekrutement an Informatiounsaarbecht. Vill Entreprisen notzen d'Geleeënheet dëst Evenement ze ënnerstetzen, a sech de Studente virzestellen.
[Änneren] REEL.ORG a.s.b.l.
Fir eng besser Kontinuitéit an d'Organisatioun vun dësem eminente Studententreffen ze kréien, hunn d'stroossbuerger Studenten am Joer 2006 dee wichtegen Schrëtt ënnerholl eng eege Vereenegung, REEL.ORG, ze grënnen. De Kontakt zu Wirtschaft, Politik a Medien gouf duerch d'Créatioun vun deser asbl nohalteg verbessert. D'Acquisitioun vum Domain www.reel.lu erméiglecht eng dauerhaft present Representatioun vun de Schwéierpunkten a Resultater vun deene vergaangene REELen.
[Änneren] Historique
An dëse Stied gouf d'REEL bis elo ausgedroen
- 1984 Karlsruhe
- 1986 Innsbruck
- 1987 Paräis
- 1988 Louvain-la-Neuve
- 1989 Zürich
- 1990 Kaiserslautern
- 1991 Montpellier
- 1992 Innsbruck
- 1993 Stroossbuerg
- 1994 Lëtzebuerg
- 1995 Aix-en-Provence
- 1996 Manchester
- 1997 Oochen & Köln
- 1998 Wien
- 1999 Karlsruhe
- 2000 Zürich
- 2001 München
- 2002 Bréissel
- 2003 Tréier
- 2004 Lausanne
- 2005 Oochen
- 2006 Stroossbuerg - REEL Stroossbuerg 2006
- 2007 München