Radiogalaxis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Radiogalaxis zeechent sech géiniwwer aneren Galaxien duerch hir ongewéinlech staark Radiostrahlung aus. Energiequell vun dëser Radiostrahlung ass een aktiven galaktesche Kär.
Radiogalaxien gehéieren meeschtens zu den optesch hellsten Galaxien a sinn gewéinlech elliptesch Galaxien oder S0-Galaxien. Trotzdeem kann hir Strahlungsleeschtung am Radioberäich déi am siichtbaren Spektralberäich iwwertreffen. An normalen Galaxien ass d’Radiostrahlung méi schwaach ewéi dat siichtbart Liicht.
D’Radiostrahlung vu villen Radiogalaxien kommen aus zwou meeschtens symmetresch zum Kär ugeuerdnet Emissiounsgebidder, déi mat bis zu villen Mpc wiesentlech méi grouss ass wéi d’siichtbar Galaxis. Bei genauen Observatiounen sinn dës munchmol duerch dënn Matièrestrahlen (engl. Jets) mat dem Galaxiekär verbonnen. Energiequell vu Radiogalaxien ass e masseräicht schwaarzt Lach am Galaxiekär, dat engersäits Matière opsaugt, awer och a senger Géigend ioniséiert Matière op Vitessen vu bal Liichtgeschwindegkeet eropsetzt, Magnéitfelder ausléist an an de Matièrestrahlen auswërft. D’Radiostrahlung entsteet duerch Synchrotronstrahlung an de Matièrestrahlen an de Gebidder, an deenen si op dat intergalaktescht Medium optreffen.
Trotz hirer grousser Distanz gehéieren munch Radiogalaxien zu de schäinbar hellsten a vir d’éischt entdeckten Radioquellen um Himmel, déi nach no Stärebild genannt sinn an deem si fonnt goufen. Beispill sinn Virgo A (Messier 87) an Cygnus A. Déi eis am notsten stoend Radiogalaxis ass Centaurus A (NGC 5128) um Südhimmel.
Laang waren déi eenzeg vun de geneeën Observatiounen zougänglechen Galaxien am wäiten Universum bei Routverrécklungen iwwer 1 Radiogalaxis. Duerch hir Radiostrahlung konnten si ënner villen aneren am siichtbaren Liicht schwaach Objeten identifizéiert ginn, an anescht wéi bei Quasaren gëtt d’Galaxis am siichtbarem Liicht net duerch hire Kär iwwerstrahlt.
D’Emissioun vu Radiogalaxien kann dozou benotzt ginn, fir dat intergalaktescht Magnéitfeld ze bestëmmen, dat vum Matièrewand an de Raum gedroe gëtt.