Galaxis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Numm Galaxis (griichesch γαλαξίας, galaxías [männlech] - d’Mëllechstrooss) gëtt an der Astronomie allgemeng fir eng gravitativ gebonnen grouss Usammlung vun Matière wéi Stären a Planéitesystemer, Gasniwwelen, Stëbswolléken an aner Objeten bezeechent. Synonym kann och de Begrëff Stäresystem gebraucht ginn.
Eis Galaxis heescht och d’Galaxis oder d’Mëllechstrooss. An enger däischterer awer klorer Nuecht (keng Stroosseluuten, oder grouss Uertschafte !) kann een d’Stäre vun eiser galaktescher Scheif gesinn, déi ausgesinn wéi wann ee d’Mëllech ausgeschott hätt.
[Änneren] Allgemenges
D’Galaxien variéieren staark an hirem Glach (Morphologie), Gréisst an Zesummesetzung. Eis Mëllechstrooss gehéiert zu de gréissere Galaxien a besëtzt ca. 1011 (100 Milliarden) Stäre bei engem Duerchmiesser vun ca. 100.000 Liichtjoren. Niewent de Stäre besteet eng Galaxis och aus Gas, Stëps an Donkel Matière. D’Andromeda-Galaxis ass eise näechst gréisser Nopeschgalaxis. D’Distanz tëschent dëse béide Galaxien ass mat 2,4–2,7 Mio. Liichtjoer onvirstellbar grouss. Zesummen mat weidere Galaxien maachen déi zwou Galaxien d’Lokal Grupp. Niewent dëser Galaxiengrupp gëtt et och Galaxiekéip mat villen tausend Memberen. Opgrond vun de leschten "Ultra-Deep-Field"-Fotoën vum Hubble-Weltraumteleskop vum Mäerz 2004 kann kann e graff ofschäetzen, datt mat heiteger Technik vun der Äerd aus iwwer 5•1010 (50 Milliarden) Galaxien theoretesch observéiert kënne ginn. Laange Zäit war déi genee Natur vun de Galaxien onkloer, well déi eenzel Stäre nët opgeléist konnte ginn a nëmmen e Niwwel ze gesinn war. D’Fro war, ob dës Spiralniwwel zu eiser Galaxis gehéieren oder en eegent Stäresysteme sinn. Erréischt am Joer 1923 ass et dem Edwin Hubble gelongen, dës Fro ze klären. Hien huet d’Distanz zum Andromeda-Galaxis bestëmmt a festgestallt, datt d’Andromeda-Galaxis ze wäit ewech ass, fir zu eiser Galaxis ze gehéieren.
[Änneren] Galaxientypen
[Änneren] Klassifikatioun nom Hubble
Galaxien ginn no hirer Morphologie a verschidden Haapt- an Ënnergruppe vun der sougenannter Hubble-Klassifikatioun agedeelt. Den Hubble huet d’Klassifikatioun no enger klenger Stëchprouf vun noen an hellen Galaxien opgebaut. Zudeem goufen d’Galaxien nëmmen an deem deemools zougänglechen opteschen Wellelängenberäich klassifizéiert. Trotz dëser Andeelung ass dës Klassifikatioun mat e puer Erweiderungen bis haut am Gebrauch. Déi eenzel Typen sinn:
- D'Elliptesch Galaxis weist keng besonnesch Ënnerstrukturen op. D’Linnen gläicher Hellegkeet hunn d’Form vun enger Ellips. D’Elliptesch Galaxien hunn een gläichméissegen Hellegkeetsoffall vu bannen no baussen. Si hunn kee Gas an dofir läit hir Stäregebuertsplaz bei Null. Hire Spektrum gëtt vun alen an dofir roude Stäre dominéiert. Elliptesch Galaxien ginn no hirer numerescher Exzentrizitéit an d’Klassen E0 (kreesfërmeg) bis E7 (staark elliptesch) agedeelt. D’Zuel hannert dem E gëtt déi éischt Nokommestell vun der Exzentrizitéit un, d. h. eng Galaxis vun der Klass E7 huet d’Exzentrizitéit 0,7. Déi absolut Hellegkeeten Elliptescher Galaxien ëmfaassen e grousse Beräich. Déi hellste Galaxien sinn meeschtens Elliptesch Galaxien a sinn an dësem Fall wahrscheinlech duerch d’Verschmelzung vu klengen a mëttelgrousser Galaxien entstanen. Elliptesch Galaxien sinn heefeg a grousse Galaxienkéip unzetreffen.
- D'lentikulär Galaxien och lënsefërmeg Galaxien, gehéieren der Klass S0 un. Si hunn e Kär, deen deem vun de Spiralgalaxien entsprëcht, hir galaktesch Scheif enthält awer keng Spiraläerm, mä ass awer gläichméisseg hell (Beispill: M 102).
- D'Spiralgalaxien hunn een sphäroideschen Kär, de sougenannten Bulge, an dovun ginn Spiraläerm aus, déi an enger flaacher Scheiwekomponent leien. Während d’Bulge enger elliptescher Galaxis ähnelt a keng Stäregebuert méi weist, erlaben dat de Gas an de Stëps an der Scheif d’Stäregebuert an de Spiraläerm. Dofir erschéngen d’Spiraläerm meeschtens blo, an de Bulge meeschtens roudelzech op Biller. D’Spiraläerm gi weider an d’Klassen Sa, Sb an Sc ënnerdeelt. Galaxien vum Typ Sa hunn een ausgeprägten Kär an eng geschwongen Spiraläerm (Beispill: Sombreroniwwel M 104). Den Typ Sc huet ee relativ schwaachen galaktesche Kär, lacker geschwonge Spiraläerm an doduerch heiansdo d’Gestalt vun engem a sech verschlongenem "S" (Beispill: den Dräiecksniwwel M 33). Zesummen mat den lentikulären Galaxien ginn Sa, Sb an Sc och als Scheiwengalaxien zesummegefaasst; vu Laien ginn si meeschtens Spiralniwwel genannt. Spiralgalaxien kënnen zousätzlech ënnerdeelt ginn, wéi staark sëch d’Spiraläerm vun den iwwrege Scheiweregiounen ofhiewen. ass eng Spiralstruktur nëmmen undeitend a kaum vun der galaktescher Scheif ze ënnerscheeden, schwätzt een vu sougenannten flocculent spirals („flockegen“ Spiralniwwelen).
- D’Balkespiralgalaxis huet vum Zentrum aus gesinn e laange Balken, un deen sech dann d’Spiraläerm uschléissen. (Beispill: M 109) Genee wéi d’Spiralgalaxien ginn si och mat gréisserer Ausdeenung vum Kär an Ëffnung vun hiren Spiraläerm an d’Klassen SBa, SBb an SBc ënnerdeelt. Bei eiser Galaxis handelt et sech wahrscheinlech ëm eng Balkenspiralgalaxis.
- D’Irregulär Galaxis (onregelméisseg) Galaxien hunn keng Spiraläerm an och keng elliptesch Form. Si sinn am Mëttel méi liichtschwaach wéi elliptesch an Spiralgalaxien. Zu dëser Grupp gehéieren meeschtens Zwerggalaxien.
Niewent der Klassifikatioun vum Hubble gëtt et och weider Andeelungen, z.B. nom Gerard Henri de Vaucouleurs oder d’Yerkes-Klassifikatioun, déi zwar méi wéineger gebraucht ginn.
[Änneren] Weider Galaxientypen
Et gëtt weider Formen vu Galaxien, déi sech nët an dat iewescht Schema anuerdnen loossen oder dës ergäenzen. Ënner aneren sinn dëst:
- D’Zwerggalaxis ass eng Galaxis mat gerénger Hellegkeet. D’Zwerggalaxien sinn méi zueleräich wéi Risegalaxien. Anescht wéi bei dësen gëtt et virun allem elliptesch (dE), spheroidal (dSph) an irregulär (dIrr) Zwerggalaxien.
- Déi elliptesch Zwerggalaxien kënnen nach eng Kéier ënnerdeelt ginn a kompakt (cE) an diffus Galaxien. Déi nächst kompakt elliptesch Zwerggalaxis, déi och eenzeg an der Lokaler Grupp assM32. Kompakt elliptesch Zwerggalaxien gläichen an hirer Morphologie de groussen ellipteschen Galaxien. Si besëtzen eng méi staark ausgeprägten Zentralregioun als déi diffusen, wat op eng ënnerscheedlech Entstéiungsgeschicht hiweist.
- Wiesselwierkend Galaxien sinn Begéigungen tëschent zwou oder méi Galaxien. Well e je no Stadium vun der Wiesselwierkung ënnerscheedlech Kären an och Gezäitenäerm observéiere kann, passen och dës Systemer an d’Klassifikatiounsschema vum Hubble.
- Gezäitenäerm-Galaxis. Si (tidal dwarf galaxies, TDG) sinn Galaxien, déi bei der Wiesselwierkung vun zwou gasräicher Galaxien a laangen Gezäitenäerm aus Gas a Stëbs entstinn.
-
- Polarrank-Galaxis. Polarrank-Galaxien beschreiwen selten Resultater vu Verschmelzung vun zwou Galaxien. Duerch gravitativ Wiesselwierkung sinn sech heibäi zwou Galaxien so no komm, datt oft de masseäermsten Wiesselwierkungspartner zerrappt a seng Stäre, Gas a Stëbs am Schwéierfeld vun der anerer Galaxis agefaange gouf. Dobäi ergëtt sech, ofhängig vun der Orientierung vum Zesummestouss, e Rank aus Stären. Well dëse Rank meeschtens senkrecht zur Galaxienhaaptgläiche ausgeriicht ass, schwätzt een vu Polarrank-Galaxien. Et gëtt heibäi Unzeechen, wéi datt eis Galaxis och e Polarrank besëtzt. Beispill: Wonradgalaxie.
- Als aktiv Galaxis bezeechent een i. A. eng Ënnergrupp vu Galaxien mat engem besonnesch helle Kär (engl. och AGN, Active Galactic Nucleus genannt). Dës héich Liichtkraaft deit méiglecherweis op en aktivt masseräicht Schwaarzt Lach am Zentrum vun der Galaxis hin. Zu dëser Grupp zielen:
- Eng Radiogalaxis stralt ganz vill Synchrotronstralung am Beräich vun de Radiowellen of. D’Radiogalaxien ginn dofir och mat Hëllef vun der Radioastronomie ënnersicht. Oft gesäit een och bei de Radiogalaxien bis zu zwou Matièrestréim, sougenannten Jets. Beispiller fir staark Radiogalaxien sinn: Centaurus A, Perseus A, Cygnus A an M 87 am Stärebild Virgo (Jongfra).
- Eng Seyfertgalaxis huet e ganz hellen, stärefërmege Kär. D’Seyfertgalaxien weisen am Beräich vum visuelle Spektrum prominent Emissiounslinnen. Ongeféier 1 Prozent vun den Haaptgalaxien gehéieren zu dëser Kategorie.
- BL Lacertae-Objete sinn aktiv Galaxien, deenen hire Spektrum keng Absorptiouns- an Emissiounslinnen opweisen. Obschonns si deeweis ganz hell sinn, kann hir Routverrécklung schlecht bestëmmt ginn. Hir Hellegkeet ass staark variabel. BL-Lac-Objete gehéieren niewent de Quasaren zu den liichtstäerkste bekannten Objeten.
- E Quasar ass en Objet mat der gréissten absoluter Hellegkeet, déi je gesinn ginn ass. Opgrond vun der grousser Distanz vun dësen Objeten kann een nëmmen deenen hiren kompakten, stärefërmegen Kär observéieren.
- Eng Starburstgalaxis ass eng Galaxis mat enger ganz héiger Stäregebuertsplaz an déier intensiver Strahlung. Eng gutt erfuerschte Starburstgalaxis ass de M 82.
[Änneren] Literatur
- Timothy Ferris: Galaxien. Birkhäuser, Basel 1987, ISBN 3-7643-1867-8
- Françoise Combes: Galaktische Wellen. In: Spektrum der Wissenschaft, 01/06, S. 22ff
- Peter Schneider: Einführung in die Extragalaktische Astronomie und Kosmologie, Springer 2005, ISBN 3-5402-5832-9
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Galaxien – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) Galaxien (PDF)
- (en) Biller verschiddener Galaxien op der Hubblesite.org
- (en) 3D-Kaarten vum Weltall
- (de) Zusammenfassung auf Flug-ins-all.de