Reichstag (Gebai)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Reichstagsgebai zu Berlin (dacks vereinfacht: de Reichstag genannt) gouf vun 1884 bis 1894 no de Pläng vum Paul Wallot am Stil vun der italienescher Héichrenaissance gebaut.
An der Weimarer Republik wor en de Sëtz vum Parlament vum Däitsche Räich ("Tag" heescht esouvill ewéi "Versammlung"). 1933 gouf et e Feier, dat grouss Deeler vum Gebai zerstéiert huet. D'Nazien hun d'Kommuniste, dofir verantwortlech gemaach, mee et ass unzehuelen, dass si et selwer gemaach hate, fir e Pretext ze hunn, géint d'Kommunistesch Partei virzegoen.
Während dem Zweete Weltkrich 1945 gouf d'Gebai, dat souwisou net méi genotzt gouf, nach méi staark zerstéiert. Nom Krich loug et am westleche Sekteur, direkt un der Zone-Grenz. D'Berliner Mauer ass direkt hannendru verlaf. Den Erëm-Opbau huet bis 1970 gedauert. Mee d'Gebai gouf kaum genotzt, well d'Westdäitsch Haaptstad (an domatter de Sëtz vum Bundestag, dem däitsche Parlament), zu Bonn war, an d'Véiermiechten-Ofkommes et net erlaabt huet, datt de Bundestag hei zesummekéim. Sou goufe just geleeëntlech Fraktiounsversammlungen hei ofgehalen, an e Musée mat enger Ausstellung iwwer déi däitsch Geschicht war dran ënnerbruecht.
No der däitscher Vereenegung huet de Bundestag den 20. Juni 1991 dofir gestëmmt, d'Haaptstad vu Bonn op Berlin ze plënneren. Vun 1994 un gouf d´Gebai no de Pläng vum Architekt Norman Forster ëmgebaut an modernieséiert. 1995 gouf et vun der Kënschtlerkoppel Christo a Jeanne-Claude komplett 'agepaakt'.
Zënter 1999 ass en de Sëtz vum Däitsche Bundestag.
Commons: Reichstag – Biller, Videoen oder Audiodateien |