Rektaszensioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Rektaszensioun; D’Ofkierzung: α, RA (engl. Right Ascension) ass an der Astronomie de Wénkel tëschent dem Längegrad vum Fréijoerspunkt bis zum Längegrad, iwwer deem dat observéiert Objet steet, op der Äquatorgläich gemooss. Hien ass d’Passung op der (imaginärer) Himmelskugel zum geographeschen Längenkreeser op der Äerd .
[Änneren] Äquatorials Koordinatesystem
D’Rektaszensioun ass déi eng Koordinat vum äquatorialen Koordinatesystem, dài aner heescht Deklinatioun (δ).
Als Nullpunkt vun der Rektaszensioun déngt dobäi de Fréijoerspunkt. D’Rektaszensioun, déi bei de Positiounsdonneeën vun Himmelsobjeeten verwendt ginn, gi vu Norden aus betruechtt géint den Auerzeigesënn gemooss.
An der Astronomie huet sech duerchgesat, fir d’Rektaszensioun nët an Grad, awer am Zäitmooss an Stonnen unzuginn, wobäi 24 Stonnen mat 360 Grad gläichgesat gëtt.
α an δ loossen sëch mëttels der Ekliptikschréicht ε an d’ekliptikal Längt λ a Breet β ëmrechnen – kuckt dat klengt Dräieck riets op der Skizz. Dës Koordinatentransformatioun ass fir d’Berechnung vun der Planéitenëmlafbunnen an aner Kierper vum Sonnesystem onerléisslech.
[Änneren] Ofschätzung vun der Visualitéit
Bei bekannter Rektaszensioun vun engem Stär oder anerem astronomeschen Objete ass liicht ofzeschätzen, zu wat fir enger Zäit am Joer d’Objet am beschten ze gesinn ass, andem d’Datum berechent/ofgeschätzt gëtt, an deem seng héichsten Plaz iwwer dem Horizont géint Mëtternuecht fällt (Oppositioun). Den Trifidniwwel z. B. huet eng Deklinatioun vun ronn -22 Grad an ass dofir an eise Breeten nëmme schwéier ze gesinn.
[Änneren] Kuckt och
- Deklinatioun (Astronomie),
- Summersonnewend,
- Wantersonnewend